De Saturnniwwel (NGC 7009) ass e planetareschen Niwwel am Stärebild Aquarius. Seng visuell Magnitude ass +8,30 mag a säin Duerchmiesser läit bei 0,5' × 0,4'.

NGC 7009
Saturnniwwel
De Saturnniwwel opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop..
Stärebild Aquarius (Aqr)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 21h 04m 11s [1]
Deklinatioun - 11° 21' 48"
Ausgesinn
Visuell Magnitude + 8,0 mag[2] mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+ 8,3 mag mag
Wénkelduerchmiesser 0,5' x 0,4'
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 2400 Lj[2]
Routverrécklung -0,000 155
Radialvitess -46,6 km/s
Absolutten Duerchmiesser ? Lj
Geschicht
Entdecker Wilhelm Herschel
Entdeckungsdatum 7. September 1782
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
CS 11.5
GC 4628
h 2098
H 4.1
NGC 7009
PK 37-34.1
Struve 8
Lalande 40765

Den Niwwel gouf de 7. September 1782 vum Wilhelm Herschel entdeckt. Den Numm Saturnniwwel krut hie vum Lord Rosse, well d'Form vun de Jetten déi op der Säit eraustrieden un d'Réng vum Saturn erënneren.

Seng Distanz zu eis ass 2.400 Liichtjoer (nom Hynes), iwwer 2.900 (nom Sky Catalogue) an 3.900 (nom Burnham adopts O'Dell), also zimmlech ongewëss.

Visuell Observatioun änneren

De Saturnniwwel NGC 7009 ass schonn a klengen Teleskope vun zirka 60 mm Ëffnung un, als stellaren Objet z'erkennen. An engem Teleskop mat ronn 10" Ëffnung ass den NGC 7009 scho richteg opfälleg, och wa souwuel d'Strukture wéi och déi béid Jetten nëmme ganz schwéier an nëmmen ënner beschte Bedéngungen z'observéiere sinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC 139 – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Den NGC 7009, opgeholl mat enger ToUcam op engem 10" SCT mat 1,5 m Brennwäit

Referenzen änneren

  1. NASA/IPAC Extragalactic Database (NED)
  2. 2,0 2,1 SEDS