Pisces (Stärebild)
D'Stärebild laténgesch Pisces (Fësch) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Date vum Stärebild Pisces | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Fësch |
Laténgeschen Numm | Pisces |
Laténgesche Geenitiv | Piscium |
Laténgesch Ofkierzung | Psc
|
Rektaszensioun | 22h 50m bis 2h 07m |
Deklinatioun | +33° 40’ bis -6° 20’ |
Fläch | 889 Quadratgrad |
Siichtbar op Breedegraden | 84° Nord bis 56° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Hierscht |
Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
η Piscium 3,62m |
Meteorstréim | Pisciden |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Andromeda Pegasus Aquarius Cetus Aries |
Beschreiwung
ännerenD'Pisces sinn en ausgedeent, awer wéineg opfällegt Stärebild südlech vum Stärebild Andromeda an dem Pegasus. Kee Stär vun de Pisces ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.
D'Pisces (Fësch) leien op der Ekliptik, dofir zéien Sonn, Mound an d'Planéiten duerch dëst Stärebild. Et gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Allerdéngs huet sech den Duerchgank vun der Sonn opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs géintiwwer der Antiquitéit verännert. D'Sonn duerchwandert d'“Fësch“ tëscht dem 12. Mäerz an dem 18. Abrëll a Richtung Norden.
D'Ekliptik kräizt an de Fësch den Himmelsequator. Dëse Kräizungspunkt, de Fréijoerspunkt, ass den Urspronk vun de wichtegsten astronomesche Koordinatesystemer um Stärenhimmel. Den Zäitpunkt zu deem d'Sonn den Himmelsequator iwwerschreit, entsprécht dem astronomesche Fréijoersufank op der Nordhallefkugel. Dee Punkt fänkt allerdéngs zanter Mëtt vum leschte Joerhonnert un, de Beräich vun de Fësch ze verloossen a geet an den Aquarius (Waassermann) iwwer.
Geschicht
ännerenD'Stärebild Pisces (Fësch) gehéiert zu den 48 Stärebiller aus der griichescher Astronomie, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.
Am Joer 7 v. Chr. koum et an dësem Stärebild zu enger rarer dräifacher Konjunktioun tëscht Jupiter a Saturn (Gréisst Konjunktioun), dat heescht, déi zwéi Planéiten hu sech an der Zäit vun engem Joer dräimol getraff. Konjunktiounen tëscht Jupiter a Saturn trieden zwar ronn all 20 Joer op, awer déi wéinegst sinn direkt dräifach mat sou engem kuerze Wénkelofstand, datt déi zwéi Planéite bal wéi een eenzege Stär ausgesinn. – Kuckt dozou och „um Spaweck“.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenB | F | Namen o. andere Bezeichnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
ο | Torcularis Septemtrionalis | 4,26m | 258 | G8 III | |
ε | 71 | 4,27m | 190 | K0 III | |
θ | 10 | 4,27m | 159 | K1 III | |
α | 113 | Alrischa, Al Rescha, Kaitain | 4,33m | 139 | A0pSiSr |
YY | 4,37m | 415 | M3 III | ||
δ | 63 | 4,44m | 305 | K4 IIIb | |
ν | 106 | 4,45m | 368 | K3 IIIb Ba0.1 | |
β | 4 | Fum al Samakah | 4,48m | 493 | B6 Ve |
λ | 18 | 4,49m | 101 | A7 V | |
τ | 83 | 4,51m | 162 | K0.5 IIIb | |
ξ | 111 | 4,61m | 191 | K0 III | |
χ | 84 | 4,66m | 440 | G8.5 III-IIIa | |
φ | 85 | 4,67m | 378 | K0 III | |
υ | 90 | 4,74m | 311 | A3 V | |
μ | 98 | 4,84m | 360 | K4 III | |
HR 9067 | 4,88m | 224 | G9 III | ||
κ | 8 | 4,95m | 162 | A0p CrSi:Sr: | |
TX | 4,95m | 760 | C5 II | ||
TV | 5,01m | 491 | M3 III | ||
7 | 5,05m | 341 | K2 III | ||
64 | 5,07m | 78 | F8 V | ||
29 | 5,13m | 409 | B7 III-IV | ||
89 | 5,13m | 220 | A3 V | ||
82 | 5,15m | 560 | F0 V | ||
ζ | 86 | 5,21m | 148 | A7 IV | |
91 | 5,23m | 344 | K5 | ||
α Psc-B | 5,23m | 139 | A3m | ||
107 | 5,24m | 24 | K1 V | ||
ψ1 | 74 | 5,33m | 239 | A1 Vn | |
ρ | 93 | 5,35m | 85 | F2 V | |
55 | 5,36m | 411 | K0 III + F3 V | ||
57 | 5,36m | 588 | M4 IIIa | ||
41 | 5,38m | 395 | K3 | ||
52 | 5,38m | 257 | K0 III | ||
5 | 5,42m | 280 | G8 III-IV | ||
2 | 5,43m | 280 | K1 | ||
68 | 5,44m | 705 | G6 | ||
20 | 5,49m | 292 | G8 III | ||
σ | 69 | 5,50m | 414 | B9.5 V | |
94 | 5,50m | 307 | K1 III |
Den hellste Stär an de Fësch ass den η Piscium, och Kullat Nunu genannt. Hie läit op enger Distanz vun 294 Liichtjoer vun eis ewech a liicht giel. Et ass e Risestär mat der véierfacher Mass, dem 25fachen Duerchmiesser an der 300facher Liichtkraaft vun eiser Sonn.
De β Piscium ass e bloelzege Stär, deen op enger Distanz vu 493 Liichtjoer läit. Seng Spektralklass ass B6 V. Den Numm Fum al Samakah kënnt aus dem Arabeschen a bedeit sou vill wéi „d'Maul vum Fësch“.
System | Gréissten | Abstand |
---|---|---|
α | 4,33 / 5,23m | 1,9" |
35 | 6,0 / 7,7m | 11,6" |
65 | 6,3 / 6,3m | 4,4" |
ζ Psc | 5,2 / 6,3m | 22,9" |
ψ1 | 5,3 / 5,6m | 30,0" |
Verännerlech Stären
ännerenStär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
47 | 4,7 bis 5,4m | 50 bis 85 Deeg | Hallefreegelméisseg Verännerlechen |
19 | 4,8 bis 5,2m | Onreegelméisseg Verännerlecher |
De 47 Piscium läit op enger Distanz vu 400 Liichtjoer an ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär, dee seng Hellegkeet iwwer en Zäitraum vu ronn 50 bis 85 Deeg verännert. Et ass e roudelzege Stär mat der Spektralklass M3 III.
Den 19 Piscium ass e Roude Ris mat der Spektralklass C5 II an ass 2.000 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet de 700fachen Duerchmiesser vun eiser Sonn an ass ee vun deene gréisste bekannte Stären. Seng Hellegkeet ännert sech ouni erkennbar Reegelméissegkeet.
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
M 74 | 628 | 9,4m | Galaxie | ||
488 | 10,3m | Galaxie | |||
524 | 10,3m | Galaxie |
An de „Fësch“ sinn dräi Galaxien ze gesinn. Eng dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat de niwwelegen Objeten, de Messier-Katalog opgeholl.
De M 74 ass eng Galaxie op enger Distanz vun ronn 30 Millioune Liichtjoer. Et fënnt ee se westlech vum helle Stär η Piscium.
Um Spaweck
änneren- (de) Duerstellung vun de Pisces
- (de) Beweegt Duerstellung vum Stär vu Bethlehem am Joer 7 v. Chr. am Stärebild vun de Fësch
Commons: Pisces (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |