Delphinus (Stärebild)
Den Delphin (latäin: Delphinus) ass e Stärebild an der Géigend vum Himmelsequator.
Date vum Stärebild Delphinus | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Delphin |
Laténgeschen Numm | Delphinus |
Laténgesche Genitiv | Delphini |
Laténgesch Ofkierzung | Del |
Positioun | um Himmelsequator |
Rektaszensioun | 20h 42m |
Deklinatioun | 13° 48' |
Fläch | 189 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 90° Nord bis 70° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Summer |
Zuel vun de Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
β Delphini (Rotanev) 3,63m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Vulpecula Sagitta Aquila Aquarius Equuleus Pegasus |
![]() |
Beschreiwung änneren
Den Delphin ass e klengt, awer däitlecht Summerstärebild, dat d'Form vun enger Raut huet. Et steet nordwestlech vum helle Stär Atair am Aquila (Aadler) a kann dofir liicht fonnt ginn.
Wéinst senger Positioun um Himmelsequator kann et op der ganzer Welt gesi ginn.
Geschicht änneren
Den Delphin gehéiert zu de klasseschen 48 Stärebiller vun der Antiquitéit, déi schonn de Ptolemäus kannt huet.
D'Nimm Sualocin a Rotanev, sti fir déi hellst Stären a ginn op den italieeneschen Astronom Niccolo Cacciatore zeréck, dem Nofollger vum Giuseppe Piazzi am Observatoire vu Palermo. Liest een d'Stärennimm hannerzeg, ergëtt sech doraus „Nicolaus Venator“ eng laténgesch Form vum Cacciatores sengem Numm. Hien huet déi Nimm am Joer 1814 an ee Stärekatalog agedroen, an huet sech op déi Aart a Weis gläich zweemol um Himmel veréiwegt. Hien ass bis elo deen eenzegen Astronom deem sou eppes gelongen ass.
Himmelsobjeten änneren
Stären änneren
B | F | Numm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
β | 6 | Rotanev | 3,63m | F5 IV | |
α | 9 | Sualocin | 3,77m | B9 IV | |
γ | 12 | 3,9m | K1 IV + F7 V | ||
ε | 2 | 4,03m | |||
δ | 11 | 4,43m | |||
ζ | 4 | 4,64m | |||
κ | 7 | 5,07m | |||
17 | 5,19m | ||||
η | 3 | 5,39m | |||
ι | 5 | 5,42m | |||
18 | 5,51m | ||||
16 | 5,54m | ||||
13 | 5,57m | ||||
θ | 8 | 5,69m | |||
10 | 6,01m | ||||
15 | 6,01m | ||||
1 | 6,03m | ||||
14 | 6,32m |
De β Delphini (Rotanev), den hellste Stär am Delphinus, ass 80 Liichtjoer vun eis ewech. Hie gehéiert zu der Spektralklass F5 IV.
Duebelstären änneren
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
α | ||
γ | 4,3m/5,2m | 9,2" |
Den zweethellste Stär α Delphini (Sualocin) ass e Méifachstäresystem, dat aus sechs Komponente besteet, déi ronn 200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech sinn. D'Stäre stinn allerdéngs sou no beieneen, datt se nëmme mat engem groussen Teleskop z'observéiere sinn.
Den γ Delphini ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 105 Liichtjoer. Déi béid Komponente gehéieren zu de Spektralklasse K0 an F7.
Verännerlech Stären änneren
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
R | 7,6 bis 13,8m | 285,5 Deeg | Mira-Stär |
Den R Delphini ass e verännerleche Stär vum Typ Mira dee seng Hellegkeet bannent enger Zäit vun 285,5 Deeg staark verännert
Messier- an NGC-Objeten änneren
Messier (M) | NGC | aner | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
6891 | 10,5m | Planetareschen Niwwel | |||
6934 | 9,8m | Kugelstärekoup | |||
7006 | 11,5m | Kugelstärekoup |
De Kugelstärekoup 7006 ass mat 185.000 Liichtjoer extreem wäit ewech.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Delphinus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |