Den Zeus (gr.: Ζεύς/Zeús; och Δίας/Dias), Jong vum Kronos an der Rhea, war den ieweschten olympesche Gott an der griichescher Mythologie. Iwwer him stoung nëmmen dat personifizéiert Schicksal - d'Moiren - un dat och hie sech hale misst.

Den Zeus an d'Io vum Correggio.

Den Numm kënnt aus der selwechter indogermanescher Wuerzel wéi dat algr. theos, dem lat. deus, dem germaneschen Ziu an dem indeschen Deva, déi Ausdrock fir e gemeinsaamt indoeuropäescht patriarchalescht Gottesbild.

Hien huet iwwer den Himmel geherrscht an hat den Aadler an de Blëtz als Symboler. Hie gouf mat senger Schwëster Hera bestuet, an hat eng sëllege Kanner, dorënner den Herakles, en Hallefgott, an d'Athene, dat aus sengem Kapp entsprongen ass.

Kandheet änneren

De Kronos, deen deemools säi Papp Uranos enttrount hat fir selwer un d'Muecht ze kommen, huet gefaart et géif him mat senge Kanner änlech ergoen an huet dofir all seng Kanner verschléckt. Senger Fra Rhea ass et awer gelongen, den Zeus an enger Grott op Kreta ze verstoppen a si huet dem Kronos e Steen deen a Wëndelen agewéckelt war amplaz ginn[1].

 
Den Zeus vun Otricoli, Musée Pio-Clementino

Den Zeus gouf vun der Geess Amaltheia (oder vun enger Nymph mat dësem Numm) mat Geessemëllech opgezunn, a vun de Kurete beschützt. Aus engem Har vun dëser Geess sollt méi spéit d'Cornucopia, d'Fëllhar, ginn. Wéi den Zeus méi al war, huet hie sech bei de Kronos geschlach, an hie gezwongen, seng Gesëschter alleguer nees erauszespäizen.

Eng aner Versioun vum Mythos erzielt de Mythograph Antoninus Liberalis a senge Metamorphoses. D'Rhea huet den Zeus an enger kretescher Grott op d'Welt bruecht. Hei gouf d'Kand vu Beien opgezillt. Véier Awunner sinn enges Daags an d'Hiel komm, well si op der Sich no Hunneg waren, an hunn de jonke Gott gesinn, an dësen huet hinne gedreet, e géif si mam Blëtz erschloen, mä gouf awer vun der Themis an de Moiren zeréckgehalen, well keen op dësem hellege Buedem stierwen däerft. Doropshin huet den Zeus si a Villercher verwandelt, déi Noriichten iwwerbréngen. De Rescht vun der Legend ass verluer gaangen.

Beim Homer ass den Zeus dat eelst Kand, an huet dofir seng Muecht. Sou huet de Poseidon am Trojanesche Krich noginn, well "obscho si all aus der selwechter Famill kommen, ass den Zeus den Eelsten, a weess am Beschte Bescheed"[2].

Beim Homer huet den Zeus als Paredros d'Okeanid Dione, déi och mat him beim Orakel vun Dodona associéiert gouf.

Zeus an d'Léift änneren

Den Zeus ass berüümt fir seng sëlleg Affären, mat Stierflechen, Nymphen a Gëttinnen: Danaë, Alkmene, Semele, Leto, Europa, Ganymed asw. Hie war de Papp vu ville Gëtter: Athene, Dionysos, Hermes, Apollo an Artemis; a vu villen Heroen: Herakles, Perseus, Kastor a Polydeukes asw.

Well hie senger drëtter Fra Hera (no der Metis an der Themis) ëmmer friemgaangen ass, koum et dacks zum Sträit bei dëser Koppel, well d'Hera war immens jalous. Si huet dacks d'Geléiften (Io, Leto asw.) a souguer d'Kanner (Herakles) vun hirem Mann verfollegt.

Och huet den Zeus sech net ëmmer a senger richteger Gestalt gewisen, hien huet dacks Déiereformen ugeholl. De bekanntste Mythos heivun ass wuel dee vun der Europa mam Stéier.

Avatar Fra/Affär Kanner
Amphitryon Alkmene Herakles
Ananke Moiren
Satyr Antiope Amphion, Zethos
Asteria
Kalliope Korybanten
Artemis Kallisto Arkas
Kalyke Aethlios, Endymion
Karme Britomartis
Reen aus Gold Danaë Perseus
Demeter oder Styx Persephone
Päerd Dia Peirithoos
Deino Orseis, Kyllene (?), Najaden (?), Skamandros (?)
Dione Aphrodite
Dorippe oder Pyrrha Hellen
Aadler Aigina Aiakos
Elara Tityos
Elektra Dardanos, Emathion, Iasion, Harmonia
Enarete (?) Magnes
Eos Herse
Eris (?) Ate, Tyche
Eunomie, Hera, Aphrodite oder Eurynome Hegemone
Wäisse Stéier Europa Minos, Rhadamanthys, Sarpedon
Eurynome Chariten
Gaia Tityos, Manes
Aadler Ganymed
Hera Ares an Eris, Eileithyia, Hebe, Hephaistos
Hybris, Thymbris oder Kallisto Pan
Io Epaphos
Laodamia Sarpedon
Schwan Leda oder Nemesis Kastor a Pollux, Klytaimnestra, Helena
Leto Apollo, Artemis
Maia Hermes
Maera Lokrus
Metis Athena
Mnemosyne Musen
Niobe Argos, Pelasgos
Pandora Latinus
Persephone Zagreus
Pluto Tantalos
Selene Herse, Pandia
Semele, Selene oder Dione Dionysos
Taygete Lakedaimon
Thalia Paliken
Themis Horen, Moiren, Astraea, Nemesis
Themisto Ister

Seng Herrschaft änneren

 
Den Zeus an d'Europa, Tizian.

Wéi säin Numm aus der indoeuropäescher Wuerzel *dei- seet[3], huet den Zeus iwwer den Himmel geherrscht, d'Äerd war ënner de Gëtter opgedeelt. Hie krut de Bäinumm Κεραυνός / Kéraunos (« de Blëtz »), an huet mat engem Blëtz geschoss, deen him d'Kyklope gemaach haten. Dëse Blëtz hat dräi Stäerkten: eng fir ze warnen, eng fir ze strofen, an eng fir d'Enn vun der Zäit, fir d'Welt ze zerstéieren.

Den Zeus war och Meeschter iwwer d'Naturphenomeener): Donner, Wellen asw. D'Meteoritte waren him gewidmet. A senger Epikles Μαιμάκτης / Maimáktês, hëlt hien de Stuerm ewech. Hien ass och zoustänneg, datt et op der Äerd reent[4]. Sou hunn déi al Griichen de Reen och τὸ ἐν Διὸς ὕδωρ - Waasser vum Himmel genannt.

Well hie mat den Naturphenomeener ze dinn huet, gouf hie logescherweis och mat de landwirtschaftleche Kulturen an Zyklen associéiert. Den Hesiod schléit zum Beispill fir, den Zeus an d'Demeter ze ruffen, fir datt de Buedem vill Friichten dréit[5]. Ënner der Epikles Κτήσιος / Ktếsios huet hien d'Garde vum Iesse beschützt, an hat als Attributer d'Cornucopia an eng Schlaang.

Epitheten, Attributer, Hellegtemer änneren

  • Homeresch Epitheten:
    • Zeus Papp (Ζεύς πάτερ / Zeus pater),
    • deen d'Wolleken zesummebréngt (νεφεληγερέτα / nephelêgereta),
    • (fierchterleche) Kronid ((αἰνός) Κρονίδης / (ainos) Kronidês),
    • mat staarker Stëmm (εὐρύοπα / euruopa),
    • Papp vun de Gëtter an de Mënschen (πατὴρ ἀνδρῶν τε θεῶν τε / patêr andrôn te theôn te),
    • mat der schwaarzer Wollek (κελαινεφής / kelainephês),
    • Meeschter vum Ida (Ἴδηθεν μεδέων / Idêthen medeôn),
    • Retter (soter),
    • Beschützer vun de Wiert a Garant vun den Hospitalitéitsreegelen (ξένιος / xenios),
    • Beschützer vum Haus (herkios),
    • Beschützer vun der Proprietéit (kleisos),
    • Beschützer vum Bestietnes (gamelios) ;
  • Attributer: Blëtz, Eech, Aigis ;
  • Déieren: Aadler ;
  • Hellegtemer: Hellegtum an Elis ; Orakel zu Dodona a säi Bësch aus Eechen an Epirus ; Zeustempel zu Olympia (mat der Zeus-Statu vum Phidias, ee vun de Siwe Weltwonner).

Literatur zum Theema änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Zeus – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Referenzen an Notten änneren

  1. Vgl. Bätylos.
  2. Homer, Ilias (XIII, 354–355)
  3. Pierre Chantraine, Dictionnaire étymologique de la langue grecque, Klincksieck, Paräis, 1999. (ISBN 2-252-03277-4), k.ë. Ζεύς, S. 399 a-b.
  4. Hesiod, Wierker an Deeg (V. 415).
  5. Hesiod, Wierker an Deeg (V. 465).