Dionysos

griichesch Naturgottheet

Den Dionysos, och Bakchos, war eng griichesch Naturgottheet, am besonneschen de Gott vum Wäin a vun der Vegetatioun. Säi Kult huet bei de Griichen eng grouss Roll gespillt, mä seng Wiesenszich sinn sou villfälteg datt et schwiereg ass ze zu engem Gesamtbild zesummenzefaassen.

Dionysos-Statu am Louvre aus dem 2. Jh.

Geschicht

änneren

Den éischten Deel vu sengem Numm deit op de Geenitiv vum Numm Zeus hin, an als Jong vum Zeus a vun der Semele ass den Dionysos och an de griichesche Mythos agaangen. D'So erzielt datt d'Semele op Ustëfte vum Zeus senger jalouser Fra Hera verlaangt huet hiren Amant, den Zeus a senger gëttlecher Muecht ze gesinn. Wou en hir doropshin ënner Donner a Blëtz erschéngt ass, ass si verbrannt. Den Zeus huet dunn hiren ongebuerene Jong Dionysos a sengem Uewerschenkel ausgedroen. D'Hera wollt dunn awer de klengen Dionysos ëmbréngen. Den Zeus huet hien doropshi bei der Semele hir Schwëster gedroen. Mä och dat huet d'Hera séier erausfonnt. Dunn huet den Zeus säi Jong an e Scheefche verwandelt an en dem Hermes ginn. Spéider huet den Hermes de Jong bei d'Nymphe vun Nysa bruecht, fir datt si e sollen opzéien. Hien ass zu Naxos mat der Ariadne bestuet ginn.

Et ass net onwichteg ze soen, datt hie kee Gott vum Olymp ass. Hien ass jo am Fong "nëmmen" en Hallef-Gott (Seng Mamm Semele war en einfache Mënsch). Obwuel den Dionysos kee vun den Haaptgëtter ass, war säi Kult ganz vill verbreet an ee vun deene wichtegsten a Griicheland an och sengem réimesche Pendant dem Bacchus säi Kult hat ganz vill Succès bei de Leit.

Ursprong

änneren

Seng Hierkonft an den Zäitpunkt vu senger kultescher Verbreedung a Griicheland sinn net ganz kloer. No de Virstellunge vum Altertum koum den Dionysos aus Thrakien, Lydien (den Numm Bakchos ass méiglecherweis vu lydeschem Ursprong) oder Phrygien am 8. Joerhonnert.

Säi Kult zeechent sech duerch Extasen an Orgien aus, wat de Griiche bis dohi friem war. Dowéinst huet sech seng Veréierung och am Ufank géint Widderstänn missen duerchsetzen déi besonnesch vum ioneschen Adel ausgaange sinn. Beim Homer gehéiert den Dionysos z. B. nach net zu de groussen olympesche Gëtter.

Bei deen zu Éiere vum Dionysos gefeierte Fester (wat virun allem Wäin- oder Fréijoersfester waren) ass de Gott meeschtens a Gestalt vum Stéier, begleet vun de Mänaden, Thyiaden, Satyren, Nymphen an anere verkleete Gestalten duerch d'Bëscher gezunn. Si hu gedanzt, Wëld zerass an d'Fleesch réi giess a sech ëmmer méi an Extase gesteigert (ursprénglech hat dat nach näischt mam Wäin ze dinn). Eréischt no an no hu sech d'Ëmstänn geännert an den Dionysos huet eng fest Plaz an der griichescher Relioun kritt. Bezeechent dofir ass och datt vun engem gewëssen Zäitpunkt un den Dionysos och um Haapthellegtum vum Apollo zu Delphi veréiert ginn ass.

Bei den Dionysos-Fester, besonnesch zu Athen si reegelméisseg Theateropféierunge gemaach ginn soudatt de Kult och an Zesummenhang mam Entstoe vum Drama ugesi gi kann.

Am Ufank ass den Dionysos als ale Mann mat Baart, spéider als jonke Mann duergestallt ginn.

Analogien

änneren

Kuckt och

änneren
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck

änneren
Commons: Dionysos – Biller, Videoen oder Audiodateien