Den Hesiod, Hêsiodos op griichesch, gebuer ëm 700 v. Chr., war e griichesche Poet deen als Bauer an Hiert a Böotien gelieft huet.

Gustave Moreau, Hésiode et la muse, 1891 - Musée d'Orsay, Paräis

Säi Liewen änneren

Verschiddene Quellen no ass den Hesiod a Böotien gebuer. Säi Papp war e Bauer vu Kyme a Klengasien.

Den Hesiod huet sech anscheinend e Stéck Land net wäit vun Ascra ewech kaaft, sech bestuet a war Papp vun zwéi Bouwen.

Seng ganz Jugend war markéiert vum haarde Bauereliewen vu senger Zäit. Nom Doud vu sengem Papp koum et zu engem Sträit ëm d'Ierwschaft mat sengem Brudder Persès, an zu engem Prozess, deen den Hesiod verluer huet. Mä den Hesiod hat awer mat sengem klenge Stéck Land méi Chance a gouf méi räich.

Fir sengem Brudder bei der Gestioun ze hëllefen an him de richtege Wee ze weisen, huet den Hesiod d'Gedicht Wierker an Deeg geschriwwen (Werke und Tage, Les Travaux et les Jours). Dëst Wierk ass an de Kontext mat der Agrarkris ze setzen an dem Ufank vun der griichescher Kolonisatioun op der Sich no méi Land.

Den Hesiod zielt eis, datt wéi e Paschtouer um Helikon war, hätt hien d'Muse begéint, déi him virgeworf hunn, hie wir liddereg. Doropshin huet hien decidéiert, sech komplett dem Kult vun de Musen ze widmen, an hie gewënnt e Concours an der Poesie. Der Legend no soll un dësem Concours och den Homer deelgeholl hun, mä den Hesiod zielt eis dovun näischt.

Dat eenzegt dat mir wierklech iwwer den Hesiod wëssen, ass wat hien eis iwwer sech erzielt. Mir wësse Bescheed iwwer d'Landwirtschaft um Helikon, säi Gewënn vum Poesie-Concours, de Sträit mat sengem Brudder an d'Gebuert vu senge Jongen. Zimmlech sécher ass, datt hien ermuert gouf. De Rescht si Spekulatioune vun aneren anticken Auteuren, a sou fënnt een heefeg verschidde Versiounen.

Den Hesiod huet aner Poeten inspiréiert, dorënner de Virgil.

Säi Wierk änneren

 
Hesiodi Ascraei quaecumque exstant, 1701

Den Hesiod ass haaptsächlech bekannt duerch seng Theogonie a Wierker an Deeg.

  • D'Theogonie ass eng Genealogie vun de griichesche Gëtter. Un déi Genealogie huet hien nach eng Kosmogonie drugehaangen, déi den Ufank vun der Welt aus dem Chaos beschreift. Dëst Wierk gehéiert zu deenen eelste reliéise Gedichter aus Griicheland.
  • D'Wierker an Deeg handelt vum Sträit mat sengem Brudder, dem Mythos vum Prometheus an der Pandora, deene fënnef Mënscherassen (Gold, Sëlwer, Bronze, Näischt, Eisen), enger Visioun vun zwou Stied, der gudder (Dikê) an der schlechter (Hubris), an Informatiounen iwwer d'Landliewen an Agrikultur.
  • Dem Herakles säi Schëld, inspiréiert duerch dem Achilles seng Beschreiwung an der Ilias.

Literatur zum Theema änneren

  • Hesiod: Théogonie, Rivages, Paräis, 1993.
  • Hesiod: Les Travaux et les Jours, Hachette, Paräis, 1914.
  • Leclerc, Marie-Christine: La Parole chez Hésiode, Les Belles Lettres, Paräis, 1993.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hesiod – Biller, Videoen oder Audiodateien