Dës Säit beschäftegt sech mat der griichescher Gottheet Demeter. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Demeter (Homonymie).

D'Demeter ass d'Duechter vum Kronos a vum Rheia; duerch hir Brudder a Geléiften den Zeus d'Mamm vum Persephone. D'Mamm an hir Duechter waren enk matenee verbonnen.

Demeter op engem Relief zu Pompéi

Mythos änneren

Zanter datt d'Demeter hirem Papp Kronos entkomm war huet si mat hire Gesëschter um Olymp gelieft a war déi duuss, mä mächteg Gëttin vun der Fruchtbarkeet a vum Wuesstum. Aus hirer Verbindung mam Zeus hat si eng Duechter, d'Persephone.

Wéi d'Persephone eng Kéier am Gaart vun hirer Mamm gespillt huet ass op eemol de Buedem nieft hir opgefuer an den Hades, de Gott vun der Ënnerwelt, ass mat sengem vu Päerd gezunnene Won aus dem Äerdbuedem eropgesprengt an huet d'Meedche mat an d'Ënnerwelt entfouert an et do zu senger Fra gemaach.

D'Demeter war verzweifelt an huet op der ganzer Äerd nom Persephone gesicht bis den Helios hir verroden huet wou d'Meedche war. D'Demeter huet sech dunn an Trauer zeréckgezunn. D'Fruchtbarkeet ass du vun der Äerd verschwonnen an eng Hongersnout huet d'Mënsche bedreet. Ëmsoss huet den Zeus versicht d'Demeter ëmzestëmmen. Schliisslech huet hie sech gezwonge gefillt säi Brudder Hades dozou ze bréngen d'Persephone fräi ze ginn. Den Hades huet deem zwar Folleg geleescht, mä huet op en Trick zeréckgegraff. Hien huet dem Persephone vun engem Granatapel z'iesse ginn deen déi, déi vun him giess hunn, verléift gemaach huet.

D'Demeter, d'Persephone an den Hades hu sech dunn arrangéiert: D'Persephone ass fir zwee Drëttel vum Joer bei hirer Mamm Demeter un der Uewerwelt bliwwen, wann alles gebléit huet a geräift ass. Dann awer ass si zeréck an d'Ënnerwelt gaange fir de Wanter bei hirem Mann ze verbréngen.

Kult änneren

D'Demeter war eng vun de vollekstëmlechste Gottheeten déi a Griicheland grouss Veréierung genoss huet. Beim Homer ass se wéineg ernimmt gi well déi adeleg Familljen, déi seng Geschichte gelies hunn, wéineg Interessi u Vegetatiounsgottheeten haten déi virun allem vu Bauere veréiert gi sinn.

Attributen änneren

  • Weess-Ähren
  • Schlaang mat Flilleken
  • Füllhorn
  • Fakel

Analogien änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Demeter – Biller, Videoen oder Audiodateien