Uranos

griichesche Gott

Den Uranos (am laténgeschen Uranus) war d'Personifikatioun vum Himmel an ass ee vun den eelste griichesche Gëtter. Hien ass vun der Gaia gebuer ginn, mä ass spéider och als hire Mann duergestallt ginn. Zu senge Kanner zielen d'Titanen, d'Kyklopen, d'Hekatoncheires, d'Giganten an anerer.

Well hien op seng Kanner jalous war, an der vill vun hinnen an den Tartaros verbannt hat, huet d'Gaia hire Jong, de Kronos (ee vun den Titanen) dozou ugestiwwelt, säi Papp ze stierzen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.
Commons: Uranus (mythology) – Biller, Videoen oder Audiodateien