D'Mnemosyne ass d'Gëttin vum Gediechtnes an der Errënnerung an der griichescher Mythologie. Si ass d'Duechter vum Uranos (Himmel) an der Gaia (Äerd) a gehéiert domat zu den Titanen.[1]
Si ass duerch den Zeus d'Mamm vun den néng Musen:
- Klio, Geschichtsschreiwung
- Melpomene, Tragedie an Trauergesang
- Terpsichore, Danz a liicht Ënnerhalung
- Thalia, Komedie
- Euterpe, Flüttespill a Gesank
- Erato, Lyrik iwwer d'Léift
- Urania, Astronomie
- Polyhymnia, hymnesch Dichtung, Pantomim, Gesank
- Kalliope, epesch Dichtung, Philosophie a Wëssenschaft
- ↑ Encyclopædia Britannica: Mnemosyne (8. November 2007)