D'Chariten (déi Graziéis) waren déi dräi Duechtere vum Zeus a vun der Eurynome; d'Gëttinne vun der Schéinheet a vum Charme. Hir Nimm sinn:

Déi 3 Charite vum Raffaël
  • Euphrosyne (Frousënn)
  • Thalia (bléiend Gléck)
  • Aglaia (Glanz)

Meeschtens si s'als Begleederinne vum Hermes, der Aphrodite a vum Appollo opgetrueden, mä si hale sech och gär a Gesellschaft vun de Musen an den Horen op.

D'Chariten danzen a sangen, a si mat Rousen a Myrte gerëscht. Se sinn op ville verschiddene Plaze veréiert ginn, besonnesch zu Athen, Olchemos a Sparta. An der Konscht si se gär duergestallt ginn, a fréierer Zäit gekleet, spéider éischter plakeg.

Analogien änneren

Kuckt och änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Chariten – Biller, Videoen oder Audiodateien