Dës Säit beschäftegt sech mat der griichescher Gëttin Metis. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Metis (Homonymie).

An der griichescher Mythologie war d'Metis (gr.: Μῆτις / Mễtis - den intelligente Rot) eng Okeanidin an Duechter vum Okeanos an der Tethys.

Dem Pseudo-Apollodorus no[1] war si et, déi dem Zeus de Rot ginn huet, dem Kronos eng Emesis ze ginn, fir datt dëse seng Gesëschter nees erausspäitzt, déi hie giess hat.

Doropshi gouf d'Metis déi éischt Fra vum Zeus[2], obschonn si sech dauernd verwandelt huet, fir vun him dovun ze kommen. Wéi si schwanger ginn ass, huet en Orakel vun der Gaia (der Äerd) hir gesot, datt d'Kand e Meedche wir a wann d'Metis nach eng Kéier schwanger géif ginn, géif si e Jong kréien, deen den Zeus geneesou vum Troun stousse géif, wéi den Zeus et mam Kronos, an de Kronos et mam Uranos (dem Himmel) gemaach hat.

Fir ze verhënneren, datt d'Prophezeiung Wierklechkeet géif ginn, huet den Zeus d'Metis giess, an domat och hir Wäisheet an Intelligenz a sech opgeholl. Dëst war d'Enn vun der Metis, mä den Zeus huet weiderhi behaapt, si géif him Rotschlei "aus dem Bauch eraus" ginn.

D'Kand mat deem d'Metis schwanger war, ass awer trotzdeem op d'Welt komm. Dëst ass de Mythos vun der Gebuert vun der Athene, déi aus dem Zeus sengem Kapp gesprongen ass.

Literatur zum Theema änneren

  • Karl Kerényi, Die Mythologie der Griechen - Die Götter- und Menschheitsgeschichten, dtv. (ISBN 3-423-30030-2)
  • Norman O. Brown, "The Birth of Athena" in Transactions and Proceedings of the American Philological Association 83 (1952), S. 130–143.
  • Hesiod, Theogonie Um Spaweck liesen.
  • Galenos, Péri tôn Ippocratous kai Platônos dogmatôn (III, 273).

Um Spaweck änneren

Commons: Metis – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Referenzen an Notten änneren

  1. Pseudo-Apollodorus, Bibliotheca (I, 2, 1 ; I, 3, 6).
  2. Hesiod, Theogonie (896).