Hermes (Mythologie)

griichesche Gott
(Virugeleet vu(n) Hermes)

Den Hermes ass de Jong vum Zeus a vun der Nymph Maia. Hie gëtt als griichesche Gëtterbuet bezeechent, mä ass am grousse Ganzen zimmlech polyvalent.

Kult änneren

Den Hermes ass en zimmlech ale Gott a seng Veréierung ass wäit verbreet gewiescht. E gëllt als Patréiner vun de Wanderer, de Reesenden (entweeder mat engem breetkrempechen oder engem gefliggelten Hutt, genannt Petasos), vun den Händler, den Hierten an den Déif an de Schalleken (well hie selwer och verschidde Spiichte gedriwwen huet).

Nieft sengen eenzelen Aufgaben déi him d'Gëtter opginn hunn a senger Funktioun als Reesbegleeder huet den Hermes och d'Séile vun de Verstuerwenen an d'Liewen nom Doud begleet (Psychopompos (Séilebegleeder). An deem Zesummenhang steet och, datt en um drëtten Dag vun den Anthesterien, déi als Fréijoers an Doudefest gefeiert goufen, Schossele mat Iessen als Affer dohigestallt kritt huet.

 
Hermes-Statu beim Schlass vu Versailles

Als Gott vun den Hierten, deen d'Fäegkeet hat méi aus den Träpp ze maachen, ass den Hermes och heiansdo als Widder duergestallt ginn. Well hien als Bëbee scho sengem Brudder Apollo mat Erfolleg Saache geklaut huet gëllt hien och als Gott vum "gléckleche Fond", d. h. vum Klauen a vum Déifstall.

Allerdéngs ginn him och allerlee Erfindungen zougesprach. Doriwwer eraus ass hien och de Patréiner vun de Riedner an huet och d'Jugend déi u verschiddene sportleche Concoursen deelgeholl huet ënner säi Schutz geholl..

Etymologie änneren

Etymologesch hänkt den Numm "Hermes" mam gr. hermaion zesummen, wat e Koup aus Steng bezeechent. Déi Kéip, déi de Wanderer zur Orientéierung gedéngt hunn, waren dem Hermes helleg, grad sou wéi déi virun Haiser opgestallten Hermen, sailefërmeg Denkmieler mat engem bäertegen Hermeskapp, Aarmusätz a Phallus, déi als Wee- a Grenzzeeche gedéngt hunn, awer och d'Behausunge vun de Mënsche beschütze sollten.

Kuckt och änneren

Analogien änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Hermes (Mythologie) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.