Den Herakles oder Herkules war de Jong vum Zeus an der Alkmene. Säin Zwillingsbrudder war den Iphikles (deem säi Papp awer net den Zeus, mä dem Alkmene säi Mann, de Kinnek Amphitryon war).

A Griicheland ass den Herakles als Nationalheld ugesi ginn, deen ufangs zwar "nëmmen" en Hallefgott war, mä awer spéider zum Heel- an Orakelgott vun den Athenéien a Palaisen ernannt ginn ass.

Seng Attribute waren z. B.: de Léiwepelz, d'Keil, d'Füllhorn, de Bou an de Kächer.

Mythos änneren

 
Den Herkules wéi en d'Hydra ëmbrengt

Gebuert änneren

Den Zeus huet sech an déi schéin Alkmene, d'Fra vum Amphitrion verléift. Enges nuets, wéi hire Mann grad op engem Feldzuch war, huet e sech u si a Gestalt vun hirem Mann, erugemaach a sech mat hir vereenegt.

D'Hera, dem Zeus seng Fra war ausser sech vu Jalousie. Wéi elo Gebuert vum Herakles a sengem Brudder Iphikles ustoung huet den Zeus virausgesot dat dee Jong dee fir d'éischt gebuer géif ginn, spéider Här iwwer Mykene wier. Dunn huet d'Hera d'Wéie vun der Alkmene sou laang erausgezunn bis den Eurystheus, (de Jong vum Sthenelus, engem Monni vum Amphitryon) fir d'éischt op d'Welt koum an duerno eréischt den Herakles.

Schonn als Puppelchen huet den Herakles sech duerch ongewéinlech Kierperkraaft ausgezeechent. Am Alter vun 8 Méint huet d'Hera zwou riseg Schlaangen a säi Kannerzëmmer geschéckt. Den Iphikles huet gekrasch vun Angscht, mä säi Brudder huet d'Schlaange mat bloussen Hänn erwiergt.

Jugend änneren

En ass a ville Kënschten ënnerriicht ginn (z. B. am Bouschéissen, Wonlenken, Fechten, Fauschtkampf an Réngen). Och Gesank an d'Spillen op der Leier ass him bäibruecht ginn. Zwar war hien zimmlech geléiereg, mä och opbrausend. Wéi säi Museksschoulmeeschter Linos hien zu Onrecht op d'Plaz gesat hat, huet en e mat der Leier erschloen. Den Amphitryon huet den Herakles doropshin op de Kithairon geschéckt, wou e sollt Ranner hidden. Hei ass en ënner deenen aneren Hierten opgewuess.

Enges Daags ass dee jonken Zeus un eng Weegafelung komm. Op der enger Säit stoung eng wonnerschéi Fra a kostbare faarwege Kleeder a schéi noenee gemaach, op der anerer Säit dogéint eng Fra déi einfach ugedoe war a bescheiden de Bléck op de Buedem geriicht huet. Déi éischt Fra huet en dunn ugesprach a gesot: "Herakles, wanns de mengem Wee follegs wäers de e Liewen a Genoss a Wuelstand hunn. Weeder Nout nach Leed wäerten der hei begéine mä nëmme Gléckséilegkeet". Du sot déi aner: "D'Léift vun de Gëtter an denge Matmënsche loosse sech net ouni Méi an Ustrengung erreechen. Leed wäert dir um Wee vun der Dugend begéinen, awer de Loun wäerten de Respekt, Veréierung an d'Léift vun deenen anere Mënsche sinn. Nëmmen du kanns entscheede wat fir e Wee s de wëlls goen". Den Herakles huet de Pad vun der Dugend an der Éier gewielt.

Heldendoten änneren

Wéi den Herakles heem komm ass, ass e gewuer ginn datt dem Amphitryon seng Träpp vun engem Léif ugegraff gi waren. Hien ass dunn zeréck op de Kithairon gaangen an huet de sougenannte kithaironesche Léif, dee reegelméisseg d'Träpp ugegraff huet, erwiergt. En huet en dunn ofgezunn a seng Haut als Ëmhang gebraucht. Ënnerwee huet e Buete vum Erginos, Kinnek vun Orchomenos, déi den Theber hire Jorestribut ofverlaange wollten, begéint. Den Herakles huet kuerze Prozess mat hinne gemaach, hinnen d'Oueren ofgeschnidden a se mat Strécker ëm d'Akaul zu hirem Kinnek zeréck geschéckt.

Befreiung vun Theben änneren

Den Erginos huet d'Ausliwwerung vum Herkules verlaangt. Mä deen huet sech mat e puer Männer zesummegedoe fir hirem Feind entgéintzetrieden. An der ganzer Stad waren awer keng Waffen opzedreiwen, déi haten dem Erginos seng Leit all matgeholl. Dofir huet den Herakles d'Athene ëm Bäistand gefrot. Si huet him dunn am Tempel Waffe ginn déi hir, als Merci vu Leit deene si gehollef hat, geschenkt gi waren. Well dem Herakles seng Trupp awer ëmmer nach an der Ënnerzuel war hu si de Feind an engem Engpass gestallt. Et ass zum Kampf komm an deem den Erginos gefall ass. An och den Amphitryon ass zu Doud komm. Mä den Herakles wousst de Gewënn auszenotzen, ass an Orchomenos agefall an huet dem Kinnek seng Buerg a Brand gesat.

Doduerch waren d'Thebaner vun deene schwéieren Tributleeschtungen un den Nopeschkinnek befräit an de Kinnek Kreon huet em dofir seng Duechter Megara zur Fra ginn. Och vun de Gëtter ass e beschenkt ginn: vum Hermes huet en e Schwäert kritt, vum Apollo Fäiler déi ëmmer getraff hunn, vum Hephaistos e gëllene Kächer a vum Athene eng Rëschtung. Den Herakles konnt elo glécklech mat senger Fra, an den dräi Kanner déi se kritt hunn, zu Theben liewen.

Gigantomachie änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gigantomachie.

Ëm dës Zäit war e schreckleche Sträit tëscht den olympesche Gëtter an de Giganten (Gigantomachie). De Gëtter war viraus gesot ginn datt si nëmme gewanne kéinte wann ee Stierflechen op hirer Säit kämpfe géif. D'Athene selwer ass als Buet vum Zeus bei den Herakles gaangen an huet hien em Hëllef gefrot.

De Kampf war an der Tëschenzäit ëmmer méi schlëmm ginn. Mä souguer den Ares op sengem Sträitwon konnt net vill géint d'Giganten ausriichten. Den Herakles huet versicht ee vun de Gigante mat engem Fäil z'erschéissen. Deen ass och an d'Déift gefall, mä soubal wéi de Ris de Buedem beréiert huet, ass e mat neier Liewenskraaft erëm opgestan. Dunn ass den Herakles op Rot vum Athene vum Olymp erofgeklommen an huet de Gigant iwwer d'Grenz vu sengem Gebuertsland geschleeft. Hei, op frieme Buedem huet seng gëttlech Kraaft net méi gewierkt an en huet misse stierwen.

Sou huet den Zeus, zesumme mat deenen déi him gehollef hunn, de Kampf konne gewannen. Als Merci huet hien hinnen den Éierenumm "déi Olympesch" ginn a mat dëser Auszeechnung ass och dee stierflechen Herakles zu gëttlechem Ruhm komm.

Déi 12 Aarbechte vum Herakles fir den Eurysteus änneren

Virun der Gebuert vum Herakles hat jo den Zeus erkläert deen éischten Enkel vum Perseus sollt iwwer all déi aner Nokomme vum Perseus herrschen (kuckt ënner "Gebuert"). Well den Erysteus elo awer duerch dem Hera seng Hëllef als éischten op d'Welt komm ass ass hie Kinnek vu Mykene ginn an den Herakles war him ënnerginn.

Den Eurysteus huet op seng Herrscherrechter bestanen a vu senge Sujete schwéier Déngschtleeschtunge gefuerdert, sou och vum Herakles. D'Orakel vun Delphi huet awer dem Held erkläert e misst déi 12 Aufgaben déi de Kinnek him operleet ausféieren. Wann hien alles couragéiert a gedëlleg op sech huele géif géifen d'Gëtter him mat hirer Hëllef zur Säit stoen an hie géif onstierflech gemaach ginn.

 
Den Herakles an den erymantesche Béier

Den Herakles huet mat sech gerongen. Säi Stolz wollt net zouloossen dat hien engem, engem a sengen Ae Geréngeren, zu Déngschte sollt sinn. Zumools well den Eurysteus och just duerch dem Hera seng Lëst amplaz vum Herakles Kinnek ginn ass. Hien huet sech ëmmer méi a Roserei gesteigert, an am Wahn, wou e gemengt huet géint d'Giganten ze kämpfen, huet e seng eege Kanner mam Fäil erschoss. Wéi en erëm zou sech komm ass war en déif traureg, huet sech a sengem Haus agespaart a wollt kee méi gesinn. Schliisslech huet e sech awer entscheet, als Bouss gewëssermoossen, déi 12 Aarbechten auszeféieren.

  1. Erwierge vum Léiw vun Nemea
  2. Ëmbrénge vun der néngkäppeger Schlaang vu Lerna
  3. Fänke vun der Kerynitescher Hirschkou
  4. Fänke vum Béier vun Erymanthos
  5. Mëschte vun den Augiasställ
  6. Erschéisse vun de Stymphalesche Vullen
  7. Fänke vum Kretesche Stéier
  8. Zeeme vun de Päerd vum Diomedes
  9. Besuerge vum Koppel vun der Amazone-Kinnigin Hippolyte
  10. Eruewere vum Geryoneus sengem Trapp Ranner
  11. Klaue vun de gëllenen Äppel vun den Hesperiden
  12. Réngkampf mam Kerberos

Doud änneren

Den Herakles huet all seng zwieleff Aufgabe geschafft. No senge Prüfungen trennt e sech vum Megara, dat e mat sengem Frënd Iolaos bestuet, a bestit selwer d'Prinzessin Deianeira. Op enger Rees sollten déi zwee e Floss deen Héichwaasser hat iwwerquieren. De Kentaur Nessos huet sech ugebueden déi zwee op sengem Réck eriwwer ze bréngen. Den Herakles huet seng Hëllef net gebraucht mä awer seng Fra. Bei där Geleeënheet probéiert den Nessos d'Deinara z'entféieren. Den Herakles huet dunn ee vum Apollo senge Fäiler op de Kentaur ofgeschoss. Fir sech um Herakles ze rächen huet en am Stierwen der Deianira erzielt, wa si säi Blutt géif opfänken an dem Herakles seng Kleeder géif domat dränke géif, wier den Herakles fir éiweg frou mat hir a géif ni méi eng aner Fra bekucken. D'Deianeira war guttgleeweg an huet gemaach wat den Nessos hir gesot huet.

Wéi den Herakles dunn déi preparéiert Kleeder unhat, hu se sech erwiermt an ugefaangen ze brennen. Den Held huet gebrëllt vu Péng mä e krut d'Kleeder, déi him fest um Kierper gepecht hunn, net méi ausgedoen. Wou d'Deianeira déi schlëmm Noriicht kritt huet, huet si sech aus Verzweiwelung an den Doud gestierzt, nach ier den Herakles an de Palais zeréck bruecht ginn ass.

Den Herakles huet sech trotz senge Qualen op de Bierg Oeta brénge gelooss an huet Uerder ginn e grousse Scheetkoup opzeriichten. Dunn huet e sech drop néiergelooss. Awer kee vu senge Gefollegsleit wollt d'Feier ufänken. Op eemol huet den Zeus agegraff a mat senge Blëtzer d'Holz ugefaangen. Den Herakles ass a Flamen opgaangen an alles wat un em stierflech war ass verbrannt. Duerno huet den Zeus eng Wollek erofgeschéckt an den Herakles an den Olymp eropgehuewen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Heracles – Biller, Videoen oder Audiodateien