De Poseidon ass de griichesche Gott vum Mier, Jong vum Kronos a vun der Rhea, ee vun den 12 groussen olympesche Gëtter. Mat sengem Dräizack huet hien d'Mier opgewullt a Fielse gespléckt. Seng Fra war d'Amphitrite déi him eng ganz Rëtsch Kanner geschenkt huet.

Hien hat och eng sëllege Kanner mat anere Fraen, dorënner och Ongeheier a Rise wéi z. B. den Zyklop, dee vum Odysseus säin An ausgestach krut. Dowéinst war de Poseidon sou rosen op den Odysseus, datt hien den Held wärend Joren um Mier ronderëm iere gelooss huet (Odyssee).

Geschicht änneren

Enger So no sollt de Poseidon zesumme mam Appollo fir de Kinnek Laomedon géint Bezuelen d'Mauere vun Troia opriichten. Wéi s'awer ëm de Loun bedru goufen, huet de Poseidon en Ongeheier geschéckt, deem d'Hesione, dem Laomedon seng Duechter, du sollt geaffert ginn. Dowéinst huet de Poseidon och am Krich zu de Griiche gehalen a géint d'Troianer gekämpft.

Kult änneren

Ob de Poseidon vun Ufank un den ieweschte Gott vum Mier war ass ëmstridden. Op alle Fall huet säi Kult sech awer scho fréi iwwer ganz Griicheland erstreckt, haaptsächlech a sozial gehuewene Familljen.

Analogien änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Poseidon – Biller, Videoen oder Audiodateien