D'Olympesch Gëtter (gr.: τὸ Δωδεκάθεον / to Dodekatheon), och Olympioi oder Olympier, waren déi zwielef (gr.: δώδεκα / dodeka) Haaptgëtter an der griichescher Mythologie.

Den Olymp, de Wunnsëtz vun den olympesche Gëtter an der griichescher Mythologie.

Hire Wunnsëtz war de Bierg Olymp (gr.: Ὄλυμπος / Olympos) a Griicheland. Si entspriechen den zwielef Méint vum Joer souwéi den zwielef Déierekreeszeechen.

D'Olympier waren d'Grupp vun de Gëtter ronderëm den Zeus, deen no schwéiere Kämpf säi Papp Kronos an deem seng Gesëschter, an domat d'Titanen, déi virun him un der Muecht waren, gestierzt huet (Titanomachie). Heibäi gouf hie vun de Kyklopen ënnerstëtzt, si hunn him och de Blëtz an den Donner ginn. Ausserdeem waren Hekatoncheiren a seng Mamm Rhea op senger Säit.

Les douze Olympiens vum Nicolas-André Monsiau.

Nodeem den Zeus d'Titanen an den Tartaros gestierzt hat, huet hie seng Herrschaft géint d'Nokomme vun den Titane missen ofsécheren. Fir géint d'Nokommen ze gewannen, huet hien d'Styx missen ëm Hëllef bieden, an hei hunn d'Olympier och nach spéider hir Eede geschwuer. Sou goufen och d'Nokommen an den Tartaros agespaart. Well sech weeder den Okeanos, nach d'Tethys an d'Themis um Opstand vun den Titanen, déi iwwereg bliwwe waren, géint den Zeus bedeelegt haten, huet den Zeus hinnen d'Herrschaft iwwer hiert Räich gelooss.

No den Titanen hu sech d'Olympier misse géint d'Gigante behaapten (Gigantomachie). Heibäi krute si besonnesch Hëllef vum stierflechen Herakles, dee spéider och an den Olymp opgeholl ginn ass, an d'Hebe bestuet huet. Domat gouf d'Hebe, déi de Gëtter den Nektar bruecht huet, vum Ganymed ofgeléist. Och dëse Kampf konnt den Zeus fir sech entscheeden, a sou konnt hie mat senge Gesëschter d'Weltherrschaft untrieden. Duerch d'Lous gouf entscheet, datt den Zeus "den Himmel" géif kréien, de Poseidon "d'Mier", an den Hades "d'Ënnerwelt".

Schliisslech hu sech d'Olympier misse géint den Typhon duerchsetzen. Wéi hie mat gliddege Steng ronderëm sech gehäit huet, a gejaut huet, datt ee bal daf ginn ass, sinn d'Olympier fir d'éischt emol geflücht. Doropshin hu si sech an Déiere verwandelt; den Zeus an e Widder, den Apollo an e Kueb, den Dionysos an e Geessebock, d'Artemis an eng Kaz, d'Hera an eng Kou, d'Aphrodite an e Fësch an den Eos an en Ibis. Och den Ares huet sech an e Fësch verwandelt, de gewaltegen Herakles an e Réi, d'Leto an e Wisel, an den Hephaistos a e Stéier. Sou sinn si an Egypten geflücht, dem ale Land vun der Wäisheet, bis den Zeus den Typhon bändege konnt.

Domat war den Zeus de Grënner vun der drëtter Weltuerdnung.

Déi zwielef Olympier änneren

Numm Funktioun Bild
Griichesch
(Transliteratioun)
Lëtz.
Ἀφροδίτη
(Aphroditē)
Aphrodite Gëttin vun der Léift an der Schéinheet.  
Ἀπόλλων
(Apollōn)
Apollo Gott vun der Poesie, dem Liicht,
de Mais, der Pescht an der Prophetie.
 
῎Αρης
(Arēs)
Ares Gott vum brutale Krich an de Schluechten.  
Άρτεμις
(Artemis)
Artemis Gëttin vun der Juegd a vum Mound.  
Ἀθηνᾶ
(Athēna)
Athene Gëttin vun der Wäisheet, Patréinesch vun de Kënscht
an dem Handwierk, a Gëttin vum strategesche Krich.
 
Δήμητρα
(Dēmētra)
Demeter Fruuchtbarkeetsgëttin.  
Ἥρα
(Hēra)
Hera Familljegëttin, zoustänneg fir Hochzäit,
Mammeschaft a Gebuert.
 
Ἥφαιστος
(Hēphaistos)
Hephaistos Gott vun de Vulkaner, dem Feier an
der Schmëdd.
Έρμής
(Hērmēs)
Hermes Gott vun den Déif, dem Handel
an de Reesenden.
 
Ἑστία
(Hestia)
Hestia Gëttin vum Häerdfeier  
Ποσειδῶν
(Poseidōn)
Poseidon Gott vum Mier, den Erdbiewen an de Päerd.  
Ζεύς
(Zeus)
Zeus Gëtterpapp, zoustänneg fir Blëtz, Donner a Loft.  

Spéider derbäikomm änneren

Numm Funktioun Bild
Griichesch
(Transliteratioun)
Lëtz.
Ἥϐη
(Hebe)
Hebe Gëttin vun der Jugend.  
Ἡρακλῆς
(Herakles)
Herakles Hallefgott,
Heel- an Orakelgott
 
Διόνυσος (Dionysos) Dionysos Gott vum Wäin an der Ekstas  

Gëtter vun der Ënnerwelt änneren

D'Ënnerwelt gehéiert nëmmen indirekt zu den Olympier.

Numm Funktioun Bild
Griichesch
(Transliteratioun)
Lëtz.
ᾍδης
(Haides)
Hades Herrscher vun der Ënnerwelt.
Περσεφόνη
(Persephone)
Persephone Kinnigin vun der Ënnerwelt.  

Um Spaweck änneren

Commons: Griichesch Gëtter – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.