Eileithyia

Gëttin vun der Gebuert

D'Eileithyia (och Ilithyia: "déi déi zu Hëllef kënnt") war an der griichescher Mythologie d'Gëttin vun der Gebuert. Si war d'Duechter vum Zeus a vum Hera an hir Gesëschter waren den Ares an d'Hebe.

Mythos änneren

Wéi d'Alkmene dem Zeus säi Kand, den Herakles, sollt op d'Welt bréngen ass d'Eileithyia aus Jalousie vum Hera dozou ugestëppelt ginn d'Gebuert ze verhënneren. D'Eileithyia huet sech du virun dem Alkmene seng Kummer gesat an d'Fangeren, d'Ärm an d'Been iwwerenee gekräizt. Doduerch ass d'Gebuert onméiglech ginn an d'Alkmene huet siwen Deeg laang Péng gehat well se net accouchéiere konnt. Hir Mod ass awer dunn op eng Iddi komm an huet haart ausgeruff: "D'Kand ass do, et ass e Jong!". Andeems d'Eileithyia awer entsat opgesprongen ass fir ze kucke wéi dat konnt passéiert sinn huet si de béisen Zauber geléist an d'Kand ass endlech komm.

Och beim Accouchement vum Leto, wéi si d'Artemis an den Apollo sollt op d'Welt bréngen, huet d'Hera, erëm aus Jalousie, d'Eileithyia gebieden d'Gebuert ze verlängeren.

Als Beschützerin vun de Fraen déi Accouchéieren ass d'Eileithyia besonnesch op Kreta an der Eileithyia-Hiel bei Amnisios an a Lakonien veréiert ginn. Och zu Hermione um Peloponnes soll et Hellegtimmer fir si gi sinn. Laut engem Bericht vum Pausanias sinn hir do all Dag Affer bruecht ginn. Ausser de Priesterinnen huet keen hiert Kultbild däerfe gesinn.

Analogien änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Eileithyia – Biller, Videoen oder Audiodateien