Den Epaphos war an der griichescher Mythologie de Jong vum Zeus a vum Io. Nodeem seng Mamm laang Zäit erëmgeiert ass, huet si den Epaphos um Nil op d'Welt gesat. D'Hera huet dofir gesuergt datt hie vun de Kureten entfouert ginn ass, wourop den Zeus se mat engem Blëtz erschloen huet.

Vum Io ass den Epaphos bei der Kinnegin vu Byblos erëmfonnt an an Egypten zeréckbruecht ginn, wou e spéider Kinnek ginn ass. En huet d'Memphis bestuet a war de Papp vum Libye a vum Lysiannassa. E gëllt ausserdeem als Grënner vun der Stad Memphis. D'Griichen hunn den Epaphos mat dem egyptesche Gott Apis gläichgesat.

Fir ze liesen änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.