Kyklop

Rise mat nëmmen engem A

D'Kyklopen oder Zyklopen (vu gr. Kyklophthalmos fir Krees-A, verkierzt op Kyklop(h)) ware Rise mat nëmmen engem A op der Stier. Si waren d'Jonge vum Uranos an der Gaia: de Brontes, de Steropes an den Arges. Déi éischt Titane an d'Hekatoncheires waren hir Gesëschter.

Den Uranos huet d'Kyklope gehaasst an se ënner der Äerd agespaart. Si si vum Zeus befreit ginn, deen doropshin vun hinnen de Blëtz an den Donner kritt huet. D'Kyklopen hunn him och am Kampf géint d'Titanen (Titanomachie) gehollef.

Well den Zeus dem Apollo säi Jong Asklepios, deen eng Rei Doudeger erëm zum Liewen erwächt huet, mam Blëtz erschloen huet, bréngt den Apollo dunn d'Kyklopen ëm fir sech ze rächen.

Aner Kyklopen änneren

  • Am Homer senger Odyssee begéint den Odysseus op senger Rees duerch d'Mëttelmier op enger Insel dem Kyklop Polyphem, dee seng Männer ee nom anere gefriess huet bis den Odysseus him d'A ausgestach huet a sech sou konnt dovu maachen. Och beim Virgil sinn d'Kyklope wëll a kannibalesch Risen.
  • Den Hephaistos hat als Geselle Kyklopen déi him gehollef hunn dem Zeus seng Blëtzer an Donnerkäiler hierzestellen. Vun hinne sinn der 2 mam Numm bekannt: den Achamas an de Pyracmon. Der So no kommen ënner anerem och der Artemis hire Bou an d'Feiler, dem Poseidon säin Dräizack an dem Hades säin Helm (deen onsiichtbar soll maachen) aus senger Schmëdd.
  • An de Soe geet och rieds vu Kyklopen déi vu Lykien komm sinn a fir de Kinnek Proitos d'Mauere vun der Stad Tirynth (dohier den Numm: Zyklopesch Maueren) an och aner Bauwierker opgeriicht hunn. Si hunn och d'Mauere vu Mykene gebaut an haten en Hellegtum op der Landbréck vu Korinth. Déi Kyklope goufen och Encheirogastres genannt.
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Cyclops – Biller, Videoen oder Audiodateien