Siwe Weltwonner
Déi Siwe Weltwonner si berüümt Bau- a Konschtwierker aus der Antiquitéit. D'Historiker si sech eeneg ginn, datt et der siwe sinn an zwar:
- Pyramide vu Gizeh, Gizeh (Egypten), goufen ëm 2590-2470 v. Chr. gebaut a sinn nach erhalen.
- Zeusstatu vum Phidias Olympia (Griicheland),am 5.Jahrhonnert. v. Chr.gebaut, 262 n. Chr. duerch Brand zerstéiert.
- Artemis-Tempel vun Ephesus (Tierkei), am 6. Jh. v. Chr. gebaut, 262 n. Chr. zerstéiert.
- Mausoleum vun Halikarnassos (Tierkei), ëm 325 v. Chr. gebaut, ganz zerstéiert.
- Hänkeg Gäert vu Babylon (Irak), Baujahr onnbekannt, ganz zerstéiert.
- Koloss vu Rhodos Rhodos (Griicheland), 292-280 v. Chr. gebaut, 224 v. Chr. zesummegebrach.
- Liichttuerm vu Pharos, Alexandria (Egypten), 270 v. Chr. 1375 gebaut, duerch en Äerdbiewen zerstéiert.
Déi Siwen nei Weltwonner
ännerenWell vun den historesche siwe Weltwonner nëmmen nach d'Pyramide vu Gizeh iwwerlieft hunn, huet kierzlech e Schwäizer, de Bernard Weber, d'Initiativ ergraff, fir siwen nei Weltwonner duerch de Publikum iwwer Telefon oder Internet ze bestëmmen. D'Pyramide vu Gizeh stoungen dobäi nimmi zur Wal. D'Resultat, dat allerdéngs ëmstridden ass a vun deem d'UNESCO sech distanzéiert huet, ass de 7. Juli 2007 zu Lissabon bekannt gemaach ginn. Vun den 21 Objeten déi a Fro koumen, goufen der siwen als Nei Weltwonner gewielt:
- Mexiko: Chichén Itzá Mayaruinen op der Hallefinsel Yucatán
- China: Chineesesch Mauer
- Brasilien: Cristo Redentor Christusstatu zu Rio de Janeiro
- Italien: Kolosseum réimeschen Amphitheater
- Peru: Machu Picchu Inkaruinestad an den Anden
- Jordanien: Petra Fielsestad
- Indien: Taj Mahal Grafmonument
Um Spaweck
ännerenCommons: Seven Wonders of the World – Biller, Videoen oder Audiodateien |