Wikipedia:Fotoen, déi eis nach feelen

Eng Enzyklopedie "lieft" net nëmmen duerch hir prezis Beschreiwungen, sou wéi och Verweiser op weider Informatiounen, ma och duerch Illustratiounen, respektiv, wann ëmmer et méiglech ass, Fotoen.

Idealerweis sollt all Artikel eng Foto oder eng Illustratioun hunn. Dat ass natierlech net nëmmen de Fall bei Persounen, ma och bei Uertschaften, Landschaften, oder soss Saachen.

Verschidden Artikelen iwwer Persounen kruten eng extra Këscht, déi als Schabloun:Foto gewënscht agebaut gëtt, fir dorop hinzeweisen.

Ma och wa keng sou Këscht do steet: All Artikel, wou et keng Foto gëtt, ass eng Invitatioun u jiddereen, eng selwergemaache Foto op Commons eropzelueden an da mam Artikel ze verlinken.

Als e Relikt aus den Ufankszäiten steet heidrënner eng Sammlung vun Artikelen, fir déi et keng Foto gëtt, a wou eng Kéier ee wollt dorop hiweisen.

Fotoe vu lëtzebuergesche "Prominenten" änneren

Verstuerwener

Uertschaften zu Lëtzebuerg änneren

Uertschaften an der Belsch änneren

Plazen, Gebaier, Brécken zu Lëtzebuerg änneren

Plazen, Gebaier, Brécken am Rescht vun der Welt änneren

Aarbechtsmaschinnen änneren

Garen zu Lëtzebuerg änneren

Aner Fotoen änneren

Fotoen, déi mat enger Dron gemaach gi sollen änneren

Virschléi vu Plazen oder Géigestänn, déi mat enger Dron aus der Héicht solle fotograféiert ginn:

  • Fir emol unzefänken: Panoramabiller vun der Stad Lëtzebuerg (vun der Ëmgéigend vum Zéissenger Kräiz aus a vum Neideuerf aus;
  • vun Esch-Ulezecht - vum Gaalgebierg a vum Bouwenaker (Gaardenhaischekolonie) aus - vun do och vu Belval, da vu Belval vum Bielesser Gaalgebierg (oder méi no), vum Naturschutzgebitt Lallengerbierg-Huttbierg bei Schëffleng,.. --Zinneke (Diskussioun) 19:59, 17. Sep. 2023 (UTC)[äntweren]
  • verschidde Schlässer a Buergen, déi net esou gutt zougänglech sinn: d'Buerg vu Simmer, d'Schlass vu Wëntreng, d'Seigneurie zu Ell, d'Schlass Bellevue um Lampertsbierg, d'Schlass Meesebuerg, d'Buerg Aansebuerg
  • verschidde klasséiert Gebaier, déi net esou gutt zougänglech sinn: 4-6, rue Brooch zu Klierf (Nr. 47-27), 23, Avenue Gordon Smith zu Colmer-Bierg (Nr. 48-7), 10, rue de Geisen, Lampech (Nr. 72-1) MMFE (Diskussioun) 09:26, 27. Okt. 2023 (UTC)[äntweren]
  • Video vum historesche Kierchepad tëschent Bous (rue de Luxembourg) an Ierpeldeng (rue de Mondorf) (Nr. 15-3)