Tit Schroeder

lëtzebuergeschen Auteur

Den Théodore Henri ("Tit") Schroeder, gebuer den 12. Januar 1911 zu New York a gestuerwen de 27. Januar 1986, war e lëtzebuergeschen Auteur.

Tit Schroeder
Gebuer 12. Januar 1911
Gestuerwen 27. Januar 1986
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Tit Schroeder, de Jong vun engem lëtzebuergesche Papp an enger franséischer Mamm, huet e puer Joer zu New York gelieft a koum dann, am Alter vun néng Joer, als Hallefweese mat sengem Papp op Lëtzebuerg, wou hien emol fir d'éischt huet misse Lëtzebuergesch léieren. No senger Primäschoul zu Useldeng huet e säi Secondaire zu Dikrech gemaach.

Hie war Englesch-Professer an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Uelzecht.

Hien ass virun allem fir seng Gedichter an Theaterstécker op Lëtzebuergesch bekannt ginn, dorënner d'Gedichtsbänn Um haalwe Wee (1966) an De gaunze Wee (1991) an d'Theaterstécker Besuch um Wudderhaff (1963), De Schäffe vum ale Maart (1963) an D'Pëltgesfamill (1965).

Éierung änneren

 
Stroosseschëld

Den 1. Oktober 2011 gouf zu Useldeng eng Plaz (de Mëlleschgruef) nom Tit Schroeder genannt, an och eng Buste, déi vum Georges Calteux geschaf gouf, vun him do opgestallt.[1]

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. ArWa, 2011. Festakt zu Ehren von Tit Schroeder. Büste auf der "Place Tit Schroeder" in Useldingen enthüllt. Luxemburger Wort vum 5. Oktober 2011, S. 26.