Schlass Meesebuerg

Schlass an der Gemeng Fiels

D'Schlass vu Meesebuerg steet zu Meesebuerg, 2 km ëstlech vun Angelsbierg, respektiv eng 3 km südwestlech vun der Fiels (Loftlinn). Zanter dem 12. Joerhonnert ass do eng Adelsfamill nogewisen. Dat haitegt Schlass am Neo-Renaissance-Stil ass vun 1880. Et ass a Privatbesëtz an ass amgaang (Stand 2016) komplett renovéiert ze ginn[1].

Schlass Meesebuerg
D'Meesebuerger Schlass (2021)
Typ Buerg,
Schlass
Land Lëtzebuerg
Gemeng Fiels
Plaz Meesebuerg
Koordinaten 49°46'13"N, 6°11'14"O
Proprietär Privat
Statut Klasséiert Monument

Geschicht änneren

D'Famill vu Meesebuerg gouf eng éischt Kéier am 12. Joerhonnert ernimmt, wou eng Dame vu Meesebuerg am Déngscht vun der Gräfin Ermesinde vu Lëtzebuerg war. 1176 war de Walter vu Meesebuerg Proprietär vun enger Buerg do, an 1296 den Eberhart vu Meesebuerg. 1453 huet dem Philipp dem Gudde seng Arméi d'Buerg zerstéiert, se gouf awer erëm viru 1500 nees opgebaut. 1683-84 gouf et op en Neits vum Maréchal de Boufflers sengen Truppen zerstéiert. Vun der aler Buerg gouf just eng Kapell, e Gruef an Deeler vun der aler Mauer erhalen.

Am fréien 18. Joerhonnert huet d'Famill Arnoult de Soleuvre d'Buerg deelweis op den ale Grondmaueren als fënnefachsege Bau nees opriichte gelooss.

De Custine vu Wolz, dee leschten Ierwe vun der Buerg, ass 1794 virun den Truppe vun der Franséischer Revolutioun geflücht. Doropshi gouf se 1797 versteet, an den Ignace-Antoine de Cassal vu Fëschbech huet se kaaft. Hien huet fir seng Schmelze vill Holzkuel gebraucht an dofir an de grousse Bëscher zu Meesebuerg eng gréisser Zuel Aarbechter fir d'Produktioun vun Holzkuel beschäftegt, déi zum Deel an aarmséilegen Haiser ënnerzeg vum Schlass gewunnt hunn. Vun 11 Feierplazen am Joer 1770 ass d'Duerf Meesebuerg doduerch bis 1843 op 40 Feierplaze gewuess. Kuerz drop huet en d'Schmelze missen zoumaachen an d'Ierwen de Cassal hu Meesebuerg 1843 un de Jean-François Reuter, de Piechter vum Weyderterhaff, verkaaft[2][3]. Deen neie Proprietär huet d'Bewunner vum Duerf mat alle legalen an illegale Mëttelen aus hiren Haiser verdriwwen déi doropshin zum gréissten Deel an Nordamerika ausgewandert sinn. Hien huet, als experimentéierfreedege Member vun der Groussherzoglecher Akerbaukommissioun versicht, mat neie landwirtschaftleche Methode säin neie Besëtz ze rentabiliséieren, wat awer net gelongen ass[4].

 
Charles Bernhoeft: Historesch Foto vum Schlass (1891)

1855 huet de Prënz Karl von Arenberg d'Buerg mam Terrain kaaft an de Besëtz bannent 20 Joer zu engem Landsëtz mat Park ëmännere gelooss. De Staatsarchitekt Charles Arendt huet d'Pläng dozou gemaach. D'Schlass aus dem 18. Joerhonnert krut dobäi 1880 eng nei Fassad an engem historistesche Mëschstil a gouf duerch e weidere véiereckegen Tuerm komplettéiert. D'Niewegebaier an d'Schlasskapell goufe komplett erneiert. D'Reschter vun de fréieren Duerfhaiser goufen ofgerappt an am Wisegronn ënner dem Schlass en neie Weier ugeluecht, dee mat deelweis seelene Planzen, dorënner déi éischt Douglasien vu Lëtzebuerg, dekoréiert gouf. Déi 450 ha Terrain déi zum Schlass gehéiert hunn, goufe vum Schlasshär duerch Ukeef nach vergréissert. D'Schlass war no der Renovéierung nëmme fir kuerz Openthalter virgesinn, gouf awer ëm 1900 fir méi laang Wunnzwecker méi kamoud ageriicht.

Nom zweete Weltkrich krut d'Famill von Arenberg de staark beschiedegte Besëtz nëmmen deelweis zeréck. 1971 huet d'Wittfra vum 1948 verstuerwene Prënz Karl-Prosper von Arenberg de Besëtz un den Alphonse Spiegelburg verkaaft[3].

Ufanks vum 21. Joerhonnert gouf et Projeten, d'Schlass mam Park an e Golf-, respektiv e Poloterrain z'integréieren, aus deenen awer, well de Park a sengem ursprénglechen Zoustand hätt missen dru gleewen, näischt gouf. Net zulescht dowéinst gouf d'Schlass Meesebuerg, mat sengen Niewegebaier a sengem Landschaftspark ronderëm, de 7. Mäerz 2008 als nationaalt Monument klasséiert. Och eenzel Beem am Park vum Schlass sti schonn zanter dem 29. Mäerz 1974 um Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter[5].

2011 gouf den 135 ha grousse Besëtz vun der Famill vum Christophe Clasen kaaft[6], déi virun allem un de Lännereien intresséiert war. Aus dem Schlass, dat zur Zäit (2014-2016) komplett renovéiert gëtt, soll en Hotel entstoen[1].

De Weier beim Schlass ass ee vun de wéinegen am Land, déi ageriicht ware, fir d'Päerd dran ze wäschen.

Literatur änneren

  • Weyrich, F., 2016. Meysemburg erwacht aus dem Dornröschenschlaf. In einem Jahr sollen die Außenarbeiten an den verschiedenen Gebäuden abgeschlossen sein. Luxemburger Wort vum 3. August 2016, S. 17.
  • Schoellen, M., 2014. Von Meisen und Mispelblüten - Schloss Meysemburg: ein Ort der Geschichte und Geschichten. Luxemburger Wort vum 6. August 2014, S.2-3.
  • Andonovic, V., 2014. Schlossherr in Spe - Christophe Clasen lässt das Schloss Meysembourg derzeit restaurieren. Luxemburger Wort vum 6. August 2014, S. 2-3.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Schlass Meesebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 Luxemburger Wort vum 3. August 2016, S. 17
  2. "Le Château de Meysembourg - Larochette", Larochette: Syndicat d'initiative et de tourisme (fr)
  3. 3,0 3,1 "Le château de Meysembourg", www.darkplaces.org. (fr)
  4. D'Geschicht vum Schlass op der Websäit vum Service des sites et monuments nationaux
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  6. memorial.lu Domaine de Meysembourg S.C.I.