Atert-Lycée
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Atert-Lycée ass eng lëtzebuergesch Secondaireschoul zu Réiden op der Atert, déi am September 2008 mam Schoulbetrib ugefaangen huet.
LogoÄnneren
De Logo vum Atert-Lycée gouf de 17. Juli 2006 der Ministesch Mady Delvaux-Stehres virgestallt. E staamt vum Daniel Pannacci an e weist d'Buschtawen ALR duerch déi e bloe Stréch geet, deen d'Atert duerstellt.
HistoriqueÄnneren
De 24. Januar 2004 (Gesetz vum 12. Januar 2004) gouf e Lycée mat Internat zu Réiden op der Atert an d'Liewe geruff. Dëse krut duerch Règlement grand-ducal vum 28. Januar 2006 den Numm "Atert-Lycée".
Fir d'Rentrée 2017 gouf de 4. Fligel (N) a Betrib geholl.
DirekterÄnneren
- 2004 - 2020: Claude Boever
- zanter 2020: Jeff Kohnen
InternatÄnneren
Nieft dem Lycée gëtt et en Internat mat 40 Duebel- an 20 Eenzelzëmmer.