Lycée technique d'Ettelbruck

ëffentlech Secondaires– an Héichschoul zu Lëtzebuerg

De Lycée technique d'Ettelbruck, gekierzt LTEtt, ass eng ëffentlech Secondaires- an Héichschoul zu Ettelbréck, déi hier Schüler virun allem op technesch Beruffer spezialiséiert.

Lycée technique d'Ettelbruck
De Lycée technique zu Ettelbréck (2021)
(LTEtt)
Typ Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Ettelbréck
Adress 71, Avenue Salentiny L-9080 Ettelbréck
Leedung Fränk Fries
Schülerzuel 1.555
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Genannt no Ettelbréck
Um Spaweck https://www.ltett.lu

Historique änneren

Op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum « Enseignement moyen »[1], gouf duerch e groussherzoglecht Reglement vum 18. Juni 1969 de Collège d'enseignement moyen, och Mëttelschoul genannt, zu Ettelbréck geschaaft[2].

D'Beruffsausbildung vun Ettelbréck ass mam Reglement grand-ducal vum 15. Juli 1969, bei d'Ettelbrécker Mëttelschoul geprafft ginn an d'Schoul krut dunn den Numm « Collège d'enseignement moyen et professionnel d'Ettelbruck »[3].

De Bau vum Schoulgebai an der Avenue Salentiny war am Oktober 1969 fäerdeg[4].

1979 koum en neit Gesetz iwwer d'Organisatioun vun der Beruffsausbildung an den technesche Secondairesschoulen an doduerch gouf d'Mëttelschoul (Enseignement moyen) ofgeschaaft. Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 9. Oktober 1979 kritt d'Schoule den neien Numm « Lycée technique d'Ettelbruck »[5].

Am Joer 2021/22 hat de Lycée ongeféier 1.500 Schüler, 220 Enseignanten a 50 Leit am administrative Beräich[6].

Gebaier änneren

Direkteren änneren

  • François Schartz (bis 2007)
  • Lucien Klein (bis 2019)
  • Fränk Fries (zanter 2019)

Formatiounen änneren

Den LTEtt bitt Unterrecht am Secondaire Classique, General an am Professionnel un an zanter 2015 och e BTS[8]. Eng Sektioun „Ëmweltwëssenschaften“ gouf 2018 agefouert. Et ass eng Spezialiséierung fir 2e an 1re-Klassen[8][9].

D'Formatiounen am LTEtt begräifen:

Classique änneren

Zyklus vun dräi Joer an den ënneschte Klassen (7e bis 5e).

General änneren

Kompletten Zyklus vu 7e bis 1re mat enger exklusiver Offer, dem COPRAL.

COPRAL änneren

An Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Arméi, gëtt et zanter 2016 e Virbereedungscours op d'Selektiounsepreuvë fir de Fräiwëllegendéngscht. De COPRAL (Cours de préparation à l'armée luxembourgeoise) soll deemno d'Zuel vun de potentielle Kandidate fir d'Basisinstruktioun (Instruction de base (IB)) erhéijen an dat mat Sproochen-, Arithmetiks- a Civics-Coursen iwwer 2-3 Trimester vu jeeweils 12 Wochen. D'Schüler gi véier Deeg pro Woch an den LTEtt, an een Dag pro Woch an de Centre militaire um Härebierg fir ënnert anerem sportlech Aktivitéiten[10][11].

Professionnel änneren

An der Beruffsausbildung kann een am LTEtt en Ofschloss mat engem Certificat de capacité professionnelle (CCP), Diplôme d'aptitude professionnelle (DAP) oder Diplôme de technicien (DT) maachen.

BTS änneren

BTS an der Gestion d'entreprise et développement durable.

Aktivitéiten änneren

CDays änneren

Bis 2012 huet den Département informatique d'CDays am LTEtt organiséiert wou d'Schüler technesch Beruffer an Errongenschafte entdecken a se live probéieren konnten[12].

Windmobile änneren

Windmobile ass e Projet fir de Schüler a de Kanner d'Wandkraaft méi no ze bréngen. No Iddien vun 2005, gouf de Projet 2008 realiséiert. Virun allem Schüler aus Elektriker– an Elektrotechnikklassen hunn an hirer Fräizäit un dësem Projet geschafft an ënnert anerem e mobilt Wandrad opgeriicht[13][14].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen. legilux.lu (16.08.1965). Gekuckt de(n) 29.09.2022.
  2. Règlement grand-ducal du 18 juin 1969 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Ettelbruck. legilux.lu (18.06.1969). Gekuckt de(n) 03.10.2022.
  3. Règlement grand-ducal du 15 juillet 1969 portant réorganisation des centres d'enseignement professionnel. legilux.lu (15.07.1969). Gekuckt de(n) 26.09.2022.
  4. 50 Joer Lycée Technique vun Ettelbréck – Lycée Technique d'Ettelbruck. www.ltett.lu. Gekuckt de(n) 03.10.2022.
  5. Règlement grand-ducal du 9 octobre 1979 transformant le Collège d'enseignement moyen de Luxembourg et le Collège d'enseignement moyen et professionnel d'Ettelbruck en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (09.10.1979). Gekuckt de(n) 03.10.2022.
  6. Ana Martins, Le Lycée d'Ettelbruck souffle ses 50 bougies. l'essentiel (13 März 2020). Gekuckt de(n) 14 November 2021.
  7. ltett.lu, Contact. Gekuckt de(n) 14 November 2021.
  8. 8,0 8,1 gouvernement.lu, ËMWELTWËSSENSCHAFTEN (02 Februar 2018). Gekuckt de(n) 14 November 2021.
  9. ltett.lu, Sciences, Ingénierie, Technologie, Energie. Gekuckt de(n) 14 November 2021.
  10. Lëtzebuerger Arméi, LTEtt, Fiche d'information. ltett.lu (Abrëll 2021). Gekuckt de(n) 14 November 2021.
  11. Armée : l'heure de la relève au Luxembourg. Le Quotidien (21 Juni 2016). Gekuckt de(n) 14 November 2021.
  12. Neue Ausgabe der CDays im „Lycée technique d'Ettelbruck“. wort.lu. Gekuckt de(n) 14 November 2021.
  13. Windmobile @ School. LTEtt. Gekuckt de(n) 14 November 2021.
  14. Ein Projekt des Lycée Technique d'Ettelbruck (06 Januar 2014). Gekuckt de(n) 14 November 2021.