Patricia Lippert
D'Patricia Lippert, gebuer den 31. Juli 1956 zu Lëtzebuerg,[1] ass eng lëtzebuergesch Molerin a Sculptrice. Si schafft ofwiesselend zu Lëtzebuerg an zu Berlin.[2]
Patricia Lippert | |
---|---|
Gebuer | 31. Juli 1956 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Member vun | ARC Kënschtlerkrees, Cercle artistique de Luxembourg |
Gielercher | Prix Grand-Duc Adolphe |
![]() |
Liewen a Wierk
ännerenD'Patricia Lippert war an der Sainte-Sophie an ass duerno an de Lycée technique Michel Lucius a vun 1971 bis 1974 an d'Konschsektioun vum Lycée des arts et métiers gaangen.[3] Donieft huet si Art dramatique am Stater Conservatoire geléiert. Tëscht 1976 an 1982 huet si "Visuell Kommunikatioun" op der Hochschule für Gestaltung zu Offenbach studéiert.[3] Si huet hiert Studium mat der Thees: Gibt es eine weibliche Ästhetik? Vorschläge zu einer veränderten Kunstpraxis der Frauen[4] ofgeschloss.
1977 huet si de Grafiker Dieter Wagner (1939-2011) kenne geléiert, mat deem si zwee Kanner krut. Zënter 1982 schafft d'Patricia Lippert als fräischaffend Kënschtlerin an de Beräicher Multimedia, Zeenografie, Grafik, Videokonscht, Molerei, Skulptur an Installatiounen.[3] Si schafft mat verschiddene Materialien an Techniken. Hir Wierker sinn narrativ a bezéien hir eegen Erfarungen, Emotiounen, Spiritualitéit, Mythen an dat "éiwegt Weiblecht" mat an.[5] Si verwandelt Situatiounen a Biller, ouni déi ze dramatiséieren.[6]
1985 huet d'Patricia Lippert d'Dekore vum Andy Bausch sengem éischte Spillfilm Gwyncilla, Legend of Dark Ages geschaf. D'Joer drop war si eng vun de Matgrënnerinne vun der ASBL Schläifmillen.[7] Si huet 1987 op der Bienal de São Paulo ausgestallt an 1988 mam Moritz Ney Lëtzebuerg bei der Biennale zu Venedig vertrueden.[3]
Fir hir Aarbecht krut si 1987 de Prix de Raville (zesumme mam Gast Michels), de Spezialpräis vun der Jury bei der fënnefter Quinquennale fir modern lëtzebuergesch Konscht zu Esch-Uelzecht (1988) an de Prix Grand-Duc Adolphe (1995).[3] D'Patricia Lippert war Member vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) a vum ARC Kënschtlerkrees a war 2001 eng Matgrënnerin vun New Fluxus.[8] Zënter 2003 huet si d'Statu fir de Lëtzebuerger Filmpräis entworf.[9]
Donieft huet si eng Rei Bicher geschriwwen, dorënner d'Konschtbicher Mémoires de miroirs (2003), Cœurs à corps ouverts (2005) an Ananke (2013) an d'Kannerbicher Dragodumirdoch (2008) an Der blaue Pilz und die Schnecke (2021). Och d'Bicher Das Kind und der große Vogel (2022) vun der Maryse Krier a Fragments du journal intime de Dieu (2023) vum Lambert Schlechter huet si illustréiert.[3]
Ausgewielt Wierker
änneren- 1990: Mauerdekoratioun fir UBS an der Stad Lëtzebuerg.
- 2003: monumentaalt Wierk vun 8 x 4 m virun dem Agank vun der Clinique St. Louis zu Ettelbréck.
- 2003: Entworf vun der Skulptur vum Lëtzebuerger Filmpräis.
- 2006: aacht Péil, mat der Pascale Seil, a aacht Statuen aus Bronz fir d'Primärschoul zu Beefort.
- 2020: Corona ChaChaCha, an der Sammlung vum Nationalmusée fir Archeologie, Geschicht a Konscht[10]
Literatur
änneren- Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, ISBN 2-9599988-2-0, S. 46 - S. 47
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Patricia Lippert am Lëtzebuerger Konschtlexikon
- ↑ mediart.lu: Lippert Patricia (gekuckt de 14. Januar 2025)
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 Patricia Lippert am Luxemburger Autorenlexikon
- ↑ luxembourg.public.lu: Luxemburg auf der Biennale in Venedig (29. November 2024)
- ↑ mediart.lu: Regard sur… Patricia Lippert (12. Februar 2014)
- ↑ Theis, Vermast, 1995 (Kuckt Sektioun "Literatur")
- ↑ wort.lu: Ateliers Schläifmillen - Trente ans d'ébullition créatrice vum Thierry Hick (24. Juni 2016)
- ↑ La collection luxembourgeoise du Musée national d'Histoire et d'Art - Patricia Lippert et le plaisir de l'art vum Nathalie Becker an [[Ons Stad],
- ↑ filmfund.lu: Présentation: Le Lëtzebuerger Filmpräis (gekuckt den 23. November 2021
- ↑ MNAHA Collections: Corona ChaChaCha (gekuckt de 14. Januar 2025)