Lycée Nic-Biever

Secondairesschoul zu Diddeleng

De Lycée Nic-Biever, kuerz LNB oder LNBD, ass eng ëffentlech lëtzebuergesch Secondaires– an Héichschoul zu Diddeleng, déi nom Gewerkschaftler a Politiker Nic Biever genannt ass.

Lycée Nic-Biever
Haaptgebai vum Lycée mat der Administratioun an der Bibliothéik
(LNB, LNBD)
Typ Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul
Regimm Classique, General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur
Land Lëtzebuerg
Adress 28, rue du Parc L-3542 Diddeleng, Rue Reiteschkopp L-3526 Diddeleng
Schülerzuel 1.644
  September 2022
Ënnersteet der/dem Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur
Gegrënnt 12. Juli 1968
Genannt no Nicolas Biever
Um Spaweck https://www.lnbd.lu/

De Lycée besteet aus dem Haaptgebai an der Rue du Parc an der Annex « Alliance » an der Rue Reiteschkopp.

Historique änneren

Den haitege Lycée geet zeréck op eng Mëttelschoul déi op Basis vum Gesetz vum 16. August 1965 iwwer d'Schafe vum Enseignement moyen zu Lëtzebuerg[1], duerch e groussherzoglecht Reglement vum 12. Juli 1968 zu Diddeleng geschaf gouf[2]. D'Coursë goufen ufanks an zwee Gebaier, déi mat Primäreschoule gedeelt goufen, gehalen, d'Administratioun war an enger Villa, an där virdrun e Sanatorium war.

Duerch e groussherzoglecht Reglement vum 14. Dezember 1970 gouf e Centre d'enseignement professionnel geschaf an un de Collège d'enseignement moyen de Dudelange ugegliddert[3]. Dësen neie Schoulkomplex krut d'Bezeechnung Collège d'enseignement moyen et professionnel de Dudelange.

Am Parc vun där Villa gouf dann dat Schoulgebai gebaut, dat haut nach steet, an dat den 20. Oktober 1973 ageweit gouf[4]. Bei där Geleeënheet gouf d'Schoul a Collège Nic.-Biever ëmgenannt[5].

1974/75 koumen och Klassen aus dem Enseignement complémentaire an d'Gebai, a vun 1975/76 un, Septièmes-, Sixièmes- a Cinquièmes-Klassen aus dem Secondaire général (classique & moderne).

Duerch en Arrêté ministériel vum 23. Mee 1979 krut de Collège Nic.-Biever d'Erlabnes fir zéng Joer laang eng polyvalent Schoul fir dat 7. bis 9. Schouljoer anzeféieren[5].

1979 ass d'Schoul an e Lycée technique ëmgewandelt ginn a krut deemno den Numm Lycée technique Nic. Biever (LTNB)[6].

1980-1984 ass d'Gebai vergréissert ginn, an 1988 gouf d'Verwaltungsgebai restauréiert, fir doran ënner anerem eng Bibliothéik (déi no der Aline Mayrisch-de Saint-Hubert genannt ass) an Aarbechtsraim ënnerzebréngen.

Wéi de Lycée fir d'Rentrée 2010/2011 och Klassen aus der Division supérieure vum Sekundarunterrecht opgeholl huet, gouf en a Lycée Nic-Biever ëmgenannt[7].

Direkteren änneren

  • 1969 - 1978: Cornel Meder
  • 1978 - 1984: Ernest Hansen
  • 1984 - 1987: Pierre Clees
  • 1987 - 1989: Paul Lenert
  • 1989 - 2010: José Leiner
  • 2010 - 2022: Roger Roth
  • 2022 - ...: Yves Schmartz

Zuel vun de Schüler änneren

  • 1968/1969: 79
  • 1971/1972: 287
  • 1974/1975: 500
  • 1977/1978: 540
  • 1980/1981: 752
  • 1983/1984: 872
  • 1986/1987: 682
  • 1989/1990: 600
  • 1992/1993: 630
  • 1995/1996: 825
  • 2001/2002: 1.175
  • 2004/2005: 1.250
  • 2010/2011: 1.600
  • 2016/2017: 1.656
  • 2022/2023: 1.644

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • 25e anniversaire : 1968-1993. Lycée technique Nicolas Biever. Dudelange: LTNB 1993.
  • 50 Joer Lycée Nic Biever. 1968-2018. Dudelange: LNB 2018.

Um Spaweck änneren

Commons: Lycée Nic-Biever – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Loi du 16 août 1965 portant création de l'enseignement moyen. legilux.lu (16.08.1965). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  2. Règlement grand-ducal du 12 juillet 1968 portant création d'un Collège d'enseignement moyen à Dudelange. legilux.lu (12.07.1968). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  3. Règlement grand-ducal du 14 décembre 1970 portant création d'un centre d'enseignement professionnel à Dudelange. legilux.lu (14.12.1970). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  4. Ein neues Mittel- und Berufsschulgebäude in Düdelingen. Luxemburger Wort, 126. Jg., n° 243, S. 5 (22.10.1973). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  5. 5,0 5,1 Historique – LNB. www.lnbd.lu. Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  6. Règlement grand-ducal du 13 juillet 1979 transformant (…) le Collège d'enseignement moyen et professionnel de Dudelange, (…) en lycées techniques et leur octroyant des dénominations particulières. legilux.lu (13.07.1979). Gekuckt de(n) 30.09.2022.
  7. Loi du 16 juin 2010 modifiant la dénomination du Lycée technique Nic. Biever et étendant son offre scolaire à la division supérieure de l'enseignement secondaire. legilux.lu (16.06.2010). Gekuckt de(n) 30.09.2022.