Naturschutzgebitt Brucherbierg-Lallengerbierg
D'Naturschutzgebitt Brucherbierg-Lallengerbierg ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Schëffleng, Keel an Esch-Uelzecht. D'Bestëmmunge vum Naturschutzgebitt goufen am Règlement grand-ducal vum 29. Mäerz 2016 festgehalen.[1].
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Schëffleng |
Fläch | 267,02 ha |
Nationalcode | RD 35 |
Koordinaten | 49°29'32,82"N, 6°0'34,42"O |
Status | Geschützt Zon vun nationalem Intressi |
Geschützt zanter | 29. Mäerz 2016 |
Et handelt sech, besonnesch am westlechen Deel, ëm en Areal vun enger fréierer Minière iwwer Dag, wou bis an d'1970er Jore Minette ofgebaut gouf. D'Landschaft besteet aus Fielswänn, Däller, déi mat Steng opgefëllt goufen a planéierten Terrassen. Zënterhier huet d'Natur sech Stéck fir Stéck dës Landschaft zeréckgeholl, an eng ganz Rëtsch Pionéierplanzen, Grieser a Planzen typesch fir Dréchewisen, mä och Déieren, déi gär a Fielssplécke wunnen, kann een do fannen.
Fir datt dat Ganzt net enges Daags komplett nees als Bësch zouwiisst, ginn d'Dréchewise vu Schof ofweede gelooss.
Biller
änneren-
De Lallengerbierg am Wanter (am Hannergrond: Den Zolwerknapp).
-
Fielswänn, laanscht déi d'Minett ofgebaut gouf.
Um Spaweck
ännerenCommons: Nature reserve Brucherbierg-Lallengerbierg – Biller, Videoen oder Audiodateien |