Boxemännchen
Kaffiskichelchen a Form vun engem Männchen
E Boxemännchen, och Kuchemännchen, vereelzt Knäpp(e)männche[1] genannt, ass e Kaffiskichelchen aus Hief- oder Brioschendeeg, gebak a Form vun engem Männchen. D'Knäpp vum Männche senger Box ginn duerch an den Deeg agedréckte Roséngen oder - méi modern - Kamellen duergestallt.

Boxemännercher si meeschtens tëscht 10 an 30 cm grouss. Si gi bal nëmmen an de Woche virun Niklosdag verkaaft, a gehéieren zu deene Saachen, déi de Kleeschen zu Lëtzebuerg de Kanner bréngt.
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Stutenkerl – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wiktionnaire: Boxemännchen Definitioun, Synonymmer an Iwwersetzungen |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ LWB, Luxemburger Wörterbuch, gekuckt den 30. November 2019