Maarkebaach (Baach)

lëtzebuergesch Baach

D'Maarkebaach ass eng kleng Baach am Éislek an der Gemeng Houschent.

De Laf vun der Maarkebaach

Se huet hir Quell op enger Héicht vu 427 Meter westlech vun der Uertschaft mat dem selwechten Numm, lénks vun der N7 an Direktioun Wemperhaart.

Vun do leeft se duerch eng Griecht no Weste fir no engem Laf vu ronn 1.000 Meter bei Ënnerschlënner, op enger Héicht vun 235 Meter, vu lénks an d'Schlënner ze lafen.