Clemenshaff
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Clemenshaff ass en Haff a Lieu-dit an der Gemeng Bettenduerf.
Clemenshaff | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Clemenshof de: Clemenshof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Gemeng | Bettenduerf |
Buergermeeschter | Patrick Mergen |
Koordinaten |
49° 50’ 37’’ N 06° 09’ 34’’ O |
Geographie
ännerenEt fléisst eng Baach laanscht den Haff, déi aus engem Weier entspréngt, deen +/- 50 m laang a 40 m breet ass. De Clemenshaff läit um Rand vum Bësch an ass vu Felder ëmginn. Op 800 m läit de Mouschbierg, wou och en Haff ass. Eng 750 m vum Mouschbierg ewech läit e Steebroch, deen ausser Betrib ass. Et ass iwweregens eng Bushaltestell um Mouschbierg an et ass ongeféier 1 km bis zur Haaptstrooss N14 (vum Clemenshaff aus). De Clemenshaff läit op enger Héicht vu 304 m (NG-L).
An der Ëmgéigend läit och nach d'Tschiddeschmillen. Et kënnt een awer och iwwer Bëschweeër op de Brouderbuer, op Steeën, Folkendeng, Gilsdref, Angelduerf an Dikrech.