Norbert Ketter

lëtzebuergesche Photograph

Den Norbert Ketter, gebuer de 4. Abrëll 1942 zu Diddeleng a gestuerwen de 5. Februar 1997 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Fotograf.

Norbert Ketter
Gebuer 4. Abrëll 1942
Diddeleng
Gestuerwen 5. Februar 1997
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf

Den Norbert Ketter huet vun 1961 bis 1967 zu Essen op der Folkwang Universität der Künste[1] studéiert, wou e Meisterschüler beim Professer Otto Steinert war. Hien huet säi Studium 1966 ofgeschloss mat der Examensaarbecht „Die Darstellung der Landschaft in der Frühgeschichte der Fotografie (1840 - 1860)“.

Den Norbert Ketter gouf bekannt duerch seng schwaarz-wäiss Fotoen, déi en zu Lëtzebuerg an am Ausland ausgestallt huet; hien huet tëscht 1963 an 1965 dräimol fir eng länger Zäit a Finnland gelieft.

Seng Fotoen, déi hie selwer vergréissert huet, sinn a villen ëffentleche Gebaier ze gesinn. De gréissten Deel vu senge Fotoen hunn entweeder lëtzebuergesch Landschaften oder Mënschen als Theema. Hien huet mat Hasselblad - Mëttelformatfotoapparate geschafft a ganz vill Zäit un d'Vergréisserunge gehaangen.

No sengem Doud huet den CNA säi komplett fotografescht Wierk opkaaft, an dëst an de Joren dono restauréiert a katalogiséiert.

Den Norbert Ketter war de Brudder vum Schrëftsteller Rolph Ketter a vum Graphiker Heng Ketter.

Ausstellungen änneren

Ausstellungen eleng änneren

  • 1965: „Norbert Ketter - Élève de Otto Steinert“, Galerie Le Studio, Lëtzebuerg
  • 1965-1966: „Hommage à Sibelius“, Finnische Landschaftsfotografien, Esch-Uelzecht a Palais des Beaux-Arts, Bréissel
  • 1967: „Norbert Ketter - Photographies“, Société Française de Photographies, Paräis
  • 1975-1976: „Sou wéi mir sin...“, Fotografien gesitig Behinderter, Théâtre Municipal, Esch-Uelzecht an Théâtre Municipal, Lëtzebuerg
  • 1979: „Paysages de mon pays“, Luxemburgische Landschaftsfotografien, Galerie Paul Brück, Lëtzebuerg
  • 1981-1982: „Überblickschau Norbert Ketter“, Photographies 1961 - 1981, Villa Vauban, Lëtzebuerg
  • 1992-1993: „Des hommes et des images - Regards sur notre société multiculturelle“, Pavillon am Kader vun der Ausstellung imago Luxemburgi, Lissabonn, Lëtzebuerg, Antwerpen, Prag
  • 1993: „Des hommes et des images“, Erweiterte Wanderausstellung, Galerie municipale, Walfer; Däichhal Ettelbréck; Konschthaus beim Engel, Lëtzebuerg
  • 1994: „Schoul, Haff, Kanner“, Aufnahmen von Kindern auf dem Schulhof, Hessermillen, Eppelduerf
  • 1995: „Ech héieren d'Schmelz net méi...“, Fotografien des ‚Minet‘, Hessermillen, Eppelduerf

Gruppenausstellungen änneren

  • 1963: „Photos - élèves de Otto Steinert“ mat de Steinert-Schüler Frank Deinhard, Peter Thomann a Georges Roeder, Galerie municipale, Esch-Uelzecht
  • 1963: „Prof. Steinert + zijn school“, Bruges, Belsch
  • 1967: „Reckinger Ketter Thurm“ mat de Lëtzebuerger Moler Marc Reckinger an Nico Thurm, Konsdrëffer Scheier, Lëtzebuerg
  • 1973: „Fanfare for Europe - Five Masters of European Photography“ mam Mario Giacomelli, Thomas, Hopker, Ed van Elsken, The Photographers Gallery, London
  • 1973: Bibliothèque nationale, Paräis
  • 1976: Bedeelegung un der Ausstellung „60 Jahre LAV“ (Luxemburger Arbeiter Verband), Lëtzebuerg

Gielercher änneren

  • 1967: Folkwangförderpreis

Literatur änneren

  • esch. Esch-Uelzecht: Éditions Claude Diderich, 1970.
  • Paysages, Visages, 1981.
  • Pays sage. mat Texter vum Vera Langers, Yann Ketter, Jean Back, Guy Rewenig an Nico Helminger, Diddeleng: CNA, 2014, ISBN 978-2-919873-17-3.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. deemools „Folkwangschule für Gestaltung“