Kierchepad Bous-Ierpeldeng

historesche Wee tëscht Bous an Ierpeldeng

De Kierchepad Bous-Ierpeldeng ass e Pad an der Gemeng Bous-Waldbriedemes, deen d'Uertschafte Bous an Ierpeldeng matenee verbënnt. E gouf schonn am 18. Joerhonnert ernimmt an huet et sengerzäit – sou wéi säin Numm et seet – den Awunner aus den eenzelen Dierfer erlaabt, an d'Kierch vun Néngkierchen[1] ze goen, déi um Enn vum 18. Joerhonnert an a Koup gefall ass.

Kierchepad Bous-Ierpeldeng
Typ Wee
Land Lëtzebuerg
Gemeng Bous-Waldbriedemes
Plaz Bous, Ierpeldeng
Koordinaten 49°32'48,84"N, 6°19'36,59"O
Statut Klasséiert Monument

De Kierchepad tëscht Bous an Ierpeldeng ass zënter dem 11. Februar 2022 als nationaalt Monument klasséiert.

Geschicht

änneren

Néngkierchen huet zu der Abtei vu Prüm gehéiert, déi am 8. Joerhonnert gegrënnt gouf. Et war eng eege Par, zu där e puer Dierfer gehéiert hunn, ë. a, Bous an Ierpeldeng. De Kierchepad ass duerch dës Dierfer gelaf fir zu Néngkierchen erauszekommen. Ierpeldeng selwer hat keng Kierch, iwwerdeems d'Kapell vu Bous – déi schonn am 16. Joerhonnert ernimmt gouf – eng Filial vun Néngkierche war. Um Enn vum 18. Joerhonnert gouf d'Kierch vun Néngkierchen net méi benotzt, s'ass zerfall an 1831 gouf dunn zu Bous eng nei Parkierch gebaut.

De Kiirchepad ass e wichtegen a raren Zeie vum reliéisen, lokalen a gesellschaftleche Liewen, dat sech vun Néngkierchen aus entwéckelt huet. De Pad war schonn op der Ferrariskaart agezeechent, en huet säi Charakter a säin urspréngleche Laf gréisstendeels behalen a bitt hautdesdaags e pittoresken Trëppelwee an engem natierlech Ëmfeld.

Lokalisatioun

änneren

De Kierchepad fänkt zu Bous, net wäit ewech vun der Kierch, op der Haaptstrooss (Rue de Lëtzebuerg, tëscht den Haiser 21 an 21a) un, leeft uganks iwwer e makadammiséierte Wee tëscht den Haiser erduerch, iwwer d'Albaach, ënner der N2 erduerch a gëtt dann e pittoreske Pad aus Paweesteng, deen duerch Wisen a Felder a südwestlecher Richtung op Ierpeldeng leeft.

De Pad leeft deels parallel mat der Ierpeldenger Baach laanscht eng Rei Weiden. Zu Ierpeldeng stéisst e bei der Schmattegaass op d'Rue de Mondorf (CR149).

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierchepad Bous-Ierpeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

änneren
  1. op Geoportail als Nainkiirchen ze fannen