änneren

Moien,

flott datt s De Dech e bësse virstells. Dat Gutt un der Wikipeia ass jo, datt kee seet, wee wat maache muss, jidderee schreift no Loscht, Zäit an Intressi. Plaz an Themen, iwwer déi ee schreiwen oder déi ee verdéiwe kann, ginn et der jo genuch. Ech hunn d'Gefill, Du kenns Dech schonn e bësse mat Wikipedia aus, mee jiddereen dierf gär Froe stellen, wann e mat eppes net eens gëtt, oder eppes net kloer ass.

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 11:45, 31. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

(C) op Timberen änneren

Re-moien, leider weess ech do d'Äntwert net; ech hunn Deng Fro dofir op de Staminee gepost, mol kucken, ob mer do méi schlau ginn; soss bléif d'Nofroe bei der Post selwer déi eenzeg Léisung, déi ech geséich... --Zinneke (Diskussioun) 13:08, 31. Mäe. 2012 (UTC)Äntweren

Chris Baldo änneren

Intressant Zousazinformatiounen! Kinns De w.e.gl. d'Source dovunner uginn? Merci am viraus.--Zinneke (Diskussioun) 08:49, 16. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Perfetto. Merci. Z.

Bourbon-Parma änneren

Moien, also ech hu just déi Info an d'Diskussioun gesat, sinn awer net secher ob se stëmmt. Wat ech vergiess hat ze bemierken ass datt ech dee "Grand Ducal Decree, 28 July 1986" néierens fonnt hunn. Wann dee Carlos Hugo dem Groussherzog domm komm ass, hat de Groussherzog secher Recht mat "... an du kanns mech klibberen." --Jwh (Diskussioun) 10:48, 27. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Mir fannen vläit soss nach ëppes. De "Royals" Siten um Internet trauen ech net, déi gluckse just vu Freed iwwer all Tittel. Froe mol bei deem no deen et op d'en.wiki gesat huet --Jwh (Diskussioun) 14:23, 27. Abr. 2012 (UTC)Äntweren

Danièle Dupré änneren

Moien
W.e.g. keng Redirecten eidelmaachen soss sinn se net méi erëmzefannen. --Les Meloures (Diskussioun) 21:29, 8. Mee 2012 (UTC)Äntweren


Moien,

Kanns de mol vläicht eng Kéier dohinner luusse goen. --Les Meloures (Diskussioun) 14:52, 4. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Gratulatioun zu der Kompletéierung vun de 54 Eurovisiouns-Artikelen! --Zinneke (Diskussioun) 13:48, 11. Jul. 2012 (UTC)Äntweren

Beetebuerg änneren

Moien,

flott, datt s De och bei der Monumente-Billersafari matméchs! Nach just knapps 200 fir se all ze hunn:-) Kuck emol hei, do ginn ech net klug, wat wat ass. Du waars grad do laangscht, vläit kanns De hëllefen?

--Zinneke (Diskussioun) 15:29, 4. Sep. 2012 (UTC)Äntweren

Welcome back ;-) --Zinneke (Diskussioun) 22:32, 30. Nov. 2012 (UTC)Äntweren

Top-Level-Domänen änneren

Dat gëtt nach vill Oarbecht mat dengem Artikel. D'Lännernimm mat de Fändelen hu mer wéinstens schonn integral als Schabloun, du muss se awer nach all ëmschreiwen. Hei ass d'Lëscht: "Lëscht vun de Schabloune vun den Nationalfändelen". --Otets♣ 13:46, 25. Jan. 2013 (UTC)Äntweren


Salut,

Mer mussen ons net extra d'Aarbecht ze maachen an elo e Billerstuerm op d'Interwikien ze maachen. Ech hu gesinn do si schonn e puer Botten un der Aarbecht. --Les Meloures (Diskussioun) 22:20, 7. Mäe. 2013 (UTC)Äntweren

Salut, ech mengen ech muss mer en neie Kompass kafen.:-) --Les Meloures (Diskussioun) 13:31, 3. Jun. 2013 (UTC)Äntweren

Luxemburgischer Sprachatlas änneren

Moien dee korrekte Link funktionéiert net besser wéi de korrekte vu virdrun, deen een net korrekten, deen et net gouf ersat huet. Gudde Rutsch gewënscht.:-) --Les Meloures (Diskussioun) 10:41, 31. Dez. 2013 (UTC)Äntweren

Moien och, ech kann dat do awer net ganz novollzéien. Bei mir funktionéiert dee Link, esou wéi en elo do steet, ouni Problem. Dee Link dee gëschter do stoung ass bei mir och net gaang. --MMFE (Diskussioun) 12:55, 31. Dez. 2013 (UTC)Äntweren
Wann ech drop klicken dat kréien ech dëse Link op an duerno geet näischt weider Fichier:Sprachatlas.jpg.png
--Les Meloures (Diskussioun) 13:09, 31. Dez. 2013 (UTC)Äntweren
Dat läit da villäicht un enger Inkompatibilitéit oder Astellung vun dengem Browser. Wéi et schéngt benotz du den Internet Explorer. Deen hunn ech och probéiert (Versioun 11) an do kënnt bei mir och fir d'éischt dat dote Bild, mä e puer Sekonnen drop geet et awer weider an et kënnt d'Landkaart vu Lëtzebuerg. Am Firefox geet et e bëssche méi schnell. --MMFE (Diskussioun) 13:34, 31. Dez. 2013 (UTC)Äntweren

Nei Infobox Kierchentabell änneren

k
k

k
k
k

k
k
Uertschaft / Plaz kkkkkkkkkkkk
Par k
Dekanat k
Numm / Patréiner Onbefleckt
Empfängnis
Konsekratioun k
Architekt(en) Charles Hartmann
Charles Hartmann
Baujoer k
Koordinaten 49° 41’ 16.4’’ N
      06° 01’ 49.2’’ O
Kierchen - Kapellen


Ech mengen esou misst dat goen, wann nach eppes z'änneren ass mell dech einfach. --Les Meloures (Diskussioun) 19:04, 3. Jan. 2014 (UTC)Äntweren

Ech hunn deng nei Tabell elo ausféierlech getest a fannen se schonn tipptopp esou, Merci dofir. Et funktionéiert alles mä ech hu nach e puer Bemierkungen dozou:
Bei engem héichkantege Bild bleift lénks a riets vum Bild e wäisse Rand, dat war bei där aler Këscht net esou, do war et méiglech och bei engem héichkantege Bild d'Këscht ganz auszefëllen. Ech weess net op een do eppes ännere kann. Villäicht hues de dat awer och bewosst esou gemaach fir datt d'Këscht net esou héich gëtt.
Den Text war bei där aler Këscht zentréiert, bei där neier ass e lénks alignéiert. Dat ass u sech och net schlecht, ech weess elo net wat besser wier.
Dann ass mer nach opgefall datt, wann ech riets zwou Zeilen hunn, da gëtt den Numm vun der Kategorie z.b. bei Parverband oder Patréiner an der Héicht zentréiert, beim Architekt oder de Koordinaten bleift den Numm uewe stoen.
D'Reiefolleg vun de Kategorien Dekanat a Pastoralregioun hätt ech nawell gär ëmgedréint. D'Reiefolleg sollt vun uewe no ënnen Par - Parverband - Pastoralregioun - Dekanat sinn. Villäicht sollt een och déi dräi Kategorien Konsekratiounsjoer - Baujoer - Architekt an eng aner zäitlech Reiefolleg bréngen.
Wéi gesot, am Prinzip ass et schonn zimmlech gutt esou. De Rescht si nëmmen Detailer.--MMFE (Diskussioun) 20:33, 3. Jan. 2014 (UTC)Äntweren
Ech hunn dat elo mol ëmgedréint.
Jo déi héich Billergréisst gouf méi keng gehalen, wéi an den anere Këschten a wéi d'Auslänner et och gewéinlech maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 20:53, 3. Jan. 2014 (UTC)Äntweren
Merci, dat ass elo nach besser. Dat eenzegt wat mer opfält ass, datt am Artikel uewen en eidele Bord bleift, keng Ahnung firwat. villäicht hues du eng Iddi wou dat hierkënnt. Wann net ass et awer gudd.--MMFE (Diskussioun) 21:19, 3. Jan. 2014 (UTC)Äntweren

Datum, Plaz an Zäit vum WikiIesse sti fest: änneren

Wikipedia:De Staminee#Gebongt. Hoffen, Du kanns och kommen.--Zinneke (Diskussioun) 14:28, 11. Mäe. 2014 (UTC)Äntweren

Äifeler änneren

Den Jurowijen Song Contest? Op Englesch kléngt et net wi e Vokal. Also hunn ech den "n" ewechgeholl. --Otets♣ 22:07, 13. Mee 2014 (UTC)Äntweren

Hmm, un d'Méiglechkeet vun der englescher Aussprooch hunn ech leider net geduecht, ech hunn dat als Euro an net als Juro ugesinn. Wéi gëtt dat normalerweis hei gehandhabt, no der Aussprooch oder no der Schreifweis? --MMFE (Diskussioun) 22:45, 13. Mee 2014 (UTC)Äntweren
D'Äifeler bei auslännesche Wierder gëtt der Originalausprooch ugepasst den d'Jimmy, den d'Giacomo etc. --Les Meloures (Diskussioun) 06:48, 14. Mee 2014 (UTC)Äntweren

Filippo Inzaghi änneren

Virun der Saison 2001/02 ass de Filippo Inzaghi zesumme mam Cristian Zenoni fir d'Zomm vu 40 Milliarde Lire (ëmgerechent iwwer 20 Milliounen Euro) bei den AC Mailand gewiesselt.
Dat schéngt net an deem Sënn richteg ze sinn: Filippo Inzaghi è ufficialmente il nuovo attaccante del Milan, lo ha comunicato nel primo pomeriggio di lunedì la stessa società di via Turati. Dopo giorni di rinvii e di mezze ammissioni si conclude così la trattativa più costosa della centenaria storia rossonera. Alla Juventus andranno 40 miliardi più Cristiano Zenoni per una valutazione complessiva di 70 miliardi. --87.67.225.48 11:04, 29. Mee 2014 (UTC)Äntweren
Et schéngt effektiv net sou ganz kloer ze sinn, datt et esou ass wéi ech geschriwwen hunn. An der englescher wiki steet dat hei: "and later signed for Milan[4] for a reported 70 billion Italian Lire,[3] or 45 billion lire cash plus Cristian Zenoni". Ech hat mech am Fong un der däitscher Wiki inspiréiert wou dat hei steet: "wechselte Filippo Inzaghi für die Ablösesumme von angeblich rund 40 Milliarden Lire (umgerechnet über 20 Millionen Euro) und zusätzlich für den Mittelfeldakteur Cristian Zenoni zum AC Mailand". Am beschte wier et warscheinlech guer keng Zomm unzeginn.--MMFE (Diskussioun) 11:55, 29. Mee 2014 (UTC)Äntweren

Kirchhof änneren

Salut, Kann et da sinn datt et e fréiere Kierfecht ass ? --Les Meloures (Diskussioun) 12:04, 18. Jun. 2014 (UTC)Äntweren

Moien och,
Jo, et war fréier sécher e Kierfecht ronderëm déi Kierch an déi Grafsteng déi do laanscht d'Mauer sti komme vun do, mä déi hunn nëmmen nach dekorative Wäert. Als Kierfecht géif ech déi Plaz virun an nieft der Kierch jiddefalls net méi bezeechnen. Ech huelen un datt déi Plaz wéinstens schonn 100 Joer net méi als Kierfecht benotzt gëtt well op deem aktuelle Kierfecht op der Strooss no Hueschtert och schonn eng Rei eeler Griewer sinn. --MMFE (Diskussioun) 13:09, 18. Jun. 2014 (UTC)Äntweren
Et ass just well et den Ausdrock Kierchhaff tel-quel ni gouf (de Schoulhaff schonn). Kierchen haten ni en Haff a wann da war et de Kirchhof oder Kirchenhof op däitsch, wat de lëtzbuergesche Kierfecht oder och Kierfent ass. --Les Meloures (Diskussioun) 13:21, 18. Jun. 2014 (UTC)Äntweren
Asou, dat wousst ech nach net. Wéi solle mer déi Plaz da nennen? "Fréiere Kierfecht" wier jo net falsch oder gëtt et nach eng aner Alternativ? --MMFE (Diskussioun) 15:49, 18. Jun. 2014 (UTC)Äntweren


Et ass effektif de fréiere Kierfecht. Den neie baussent dem Duerf gëtt et eréischt zanter ongeféier 1960 soten se op der Gemeng. Um Kadaster ass d'Plaz haut nach als Kierfecht ze fannen, mat enger Fläch vun 8 ar 70 centiar. --Les Meloures (Diskussioun) 16:05, 18. Jun. 2014 (UTC)Äntweren

WLM 2014 änneren

WLM änneren

Moien, de nl:User:Romaine hat mech gefrot, ob ech géif dëst Joer WLM BE-LU mat organiséieren. Et schéngt, an der Belsch ass do net vill lass am Moment. Ech hunn him dat hei geäntwert, an em ë.a. suggeréiert, Dech ze kontaktéieren, well ech och net weess, wat deng Kontakter mam SSMN an der Lescht erginn hunn, a wat do realistesch ass, ze maachen oder plangen.

Bescht Gréiss,

--Zinneke (Diskussioun) 13:46, 2. Jul. 2014 (UTC)Äntweren

Lycée änneren

Salut, kuck mol vläicht Diskussioun:Lycée Michel-Lucius. De Radiofan deen all d'Nimm geännert huet muckst sech net. Ech hat him dat hei op seng Säit geschriwwen:

Et wier flott wann Dir eng Quell kéint uginn, wéini datt d'Schoul den Numm gewiesselt huet. Dat misst jo iwwer e Gesetz geschitt sinn, well vu sech aus ka si dat net maachen. Ech loossen elo mol déi Changementer dräi Deeg stoen. Bis dohi misste mer jo gewuer gi sinn, wéini den Numm geännert gouf. Wa bis dann näischt geschitt ass, ginn d'Ännerungen zréckgesat. Dat wat op der Websäit vum Lycée steet geet net duer als Beleg.

Perséinlech huelen ech un datt nach kee Gesetz gestëmmt gouf. Well wann ee Projet de Loi vum Staatsrot verworf gëtt, da gëtt normalerweis en neie gemaach deen de Critèren entsprécht. --Les Meloures (Diskussioun) 10:13, 25. Jul. 2014 (UTC)Äntweren

Moien,
Ech hu mech gëschter zimmlech laang mat deem Sujet beschäftegt. Ech hunn dobäi eng Rei Indizie fonnt datt den Numm d'lescht Joer iwwer e "Règlement grand-ducal" geännert gouf, net iwwer e Gesetz. Ausser dem Historique um Site vun der Schoul an dem Text vum Projet de règlement grand-ducal attribuant la dénomination «Lycée Michel Lucius» au Lycée technique Michel Lucius hunn ech an engem Artikel vum 9. Juli 2013 op wort.lu z.B. dat heite fonnt:
Neben einem neuen Gebäude wird das „Lycée technique Michel Lucius“ übrigens auch bald einen neuen Namen erhalten: Wie Bildungsministerin Mady Delvaux-Stehres berichtete, sei das diesbezügliche „Réglement grand-ducal“ am vergangenen Freitag im Regierungsrat gestimmt worden – so dass aus dem „Lycée technique Michel Lucius“ schon bald das „Lycée Michel Lucius“ werden wird.
Dat eenzegt wat effektiv nach feelt ass den definitive "Règlement grand-ducal". Eech weess awer leider net genau wou een dee kënnt fannen. --MMFE (Diskussioun) 10:53, 25. Jul. 2014 (UTC)Äntweren
De Regierungsrot huet iwwer de Projet ofgestëmmt un dunn ass et um Veto vu Staatsrot hänke bliwwen. --Les Meloures (Diskussioun) 15:22, 25. Jul. 2014 (UTC)Äntweren

Tram änneren

Moien,

pardon, datt ech trotz Schantgens-Schëld an den Tramsartikel knätzele war (et war roueg a spéit Owes, sou dass ech dervun ausgoung, keen ze stéieren). Ech wollt séier déi lescht Entwécklung festhalen, ier ech d'Zeitungsartikele bei den ale Pabeier ginn hätt. Ech hoffen natierlech, du kriss eng Kéier Zäit, de mëttelsen Deel lues a lues ze kompletéieren. Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 11:24, 23. Okt. 2014 (UTC)Äntweren

Moien och,
Dat Schantgens-Schëld hat ech leider vergiess well ech mam Artikel net esou séier viru komm si wéi geduecht. Ech maache natierlech mam Artikel weider, mä et kann nach daueren. Et kann natierlech och soss ee weidermaache wann e Loscht huet. --MMFE (Diskussioun) 12:49, 23. Okt. 2014 (UTC)Äntweren

Gratulatioun... änneren

...zum 700. (an all deene virdrun). --Zinneke (Diskussioun) 22:11, 29. Okt. 2014 (UTC)Äntweren

Merci, et kommen der awer nach e puer:-) --MMFE (Diskussioun) 22:17, 29. Okt. 2014 (UTC)Äntweren

Holzausbau änneren

Menge leschten Informatiounen no läit d'Gallerie aus deer d'Foto ass net zu Rëmeleng mee zu Käl. Kanns du w.e.g op Commons d'Kategorie änneren (ech kréie mech do grad net ageloggt, Passwuert vergiess)? --Otets♣ 08:39, 19. Nov. 2014 (UTC)Äntweren

Kee Problem, ech hunn et geännert. --MMFE (Diskussioun) 11:54, 19. Nov. 2014 (UTC)Äntweren


Merci fir d'Verbesserung am Artikel vum Fändel. Ech war do an de Wolleken an hat Ethiopien an der Kopp.   --80.200.222.131 11:41, 15. Jan. 2015 (UTC)Äntweren

Help for translate änneren

Hello and sorry for writing in English. Can you help me translate a small article (2 paragraphs) from English to your language? Xaris333 (Diskussioun) 23:25, 8. Aug. 2015 (UTC)Äntweren

Hello, and no problem to help with a translation if you have something important. --MMFE (Diskussioun) 09:46, 9. Aug. 2015 (UTC)Äntweren
Hello and thanks for your offer to help. I want you to translate the introductions paragraphs from the article en:Nea Salamis Famagusta FC and create the article in your wiki. I can do the same in Greek wikipedia if you want... Xaris333 (Diskussioun) 00:36, 10. Aug. 2015 (UTC)Äntweren

Antoine (Film 2014) änneren

Salut, dee klengen narzistesche Regisseur ass nach ze domm fir e Link op déi richteg Plaz ze setzen. Wat eppes. --Les Meloures (Diskussioun) 16:57, 26. Okt. 2015 (UTC)Äntweren

Tjo, do ass Happ a Malz verluer:-) --MMFE (Diskussioun) 12:54, 27. Okt. 2015 (UTC)Äntweren

Gestengs änneren

Moien, ech gesi grad am Historique, datt ech dech an e Versiounskonflikt eragezunn hunn. Pardon dofir. Wéi ech gesinn hat, dass de nei Biller op Commons häss, hunn ech se gläich mat agebaut, wéi ech am Gaang war um Text ze schaffen.

Schwätz dech vläit mam Jwh of iwwer déi, déi zu Déifferdeng nach feelen; et wier flott, mer hätten enges daags eng komplett Lëscht! E schéine Sonnde gewëscht.--Zinneke (Diskussioun) 11:13, 27. Dez. 2015 (UTC)Äntweren

Moien, jo et sinn et puer Konflikter ginn a wéi ech gesinn hu wat ech doduerch geläscht hat, hunn ech et léiwer réckgängeg gemaach an net méi dru gekniwwelt. Du hues meng Biller jo elo och scho mat verschafft, tiptop esou. Vun Déifferdeng hunn ech selwer keng Biller, ech huelen un datt déi awer komplett sinn.--MMFE (Diskussioun) 13:19, 27. Dez. 2015 (UTC)Äntweren

Translation änneren

Would you translate the text in a box on my userpage to Luxembourgish? -XQV- (Diskussioun) 12:54, 9. Feb. 2016 (UTC)Äntweren

Salut MMF, déi Texter missten all op Translate scho laang iwwersat sinn. Ech froe mech wat dee Mann soll domat ufänken? --Les Meloures (Diskussioun) 13:03, 9. Feb. 2016 (UTC)Äntweren

Which text do you mean exactly? I can help to translate a few words, but don't have the time for a longer text. --MMFE (Diskussioun) 13:13, 9. Feb. 2016 (UTC)Äntweren

I meant about the text in the "Translation" section on my userpage. -XQV- (Diskussioun) 13:20, 9. Feb. 2016 (UTC)Äntweren
All the words in brackets plus the few sentences below? This should be no problem. Do you want to have the translation on your userpage? --MMFE (Diskussioun) 13:27, 9. Feb. 2016 (UTC)Äntweren
You can put it on my talk page. -XQV- (Diskussioun) 16:30, 9. Feb. 2016 (UTC)Äntweren
ok, the translation is finished. --MMFE (Diskussioun) 17:39, 9. Feb. 2016 (UTC)Äntweren
The Luxembourgish Jedipedia thanks you much! -XQV- (Diskussioun) 18:01, 9. Feb. 2016 (UTC)Äntweren

Fichier:Osweiler wegekreuz.jpg änneren

Moien MMFE,

merci für deine Weiterverarbeitung meines Fotos vom "Weekräiz zu Uesweller". Hast Du eine Erklärung für die Jahreszahl 1631 (?) oben am Schaft? Ist das das ursprüngliche Entstehungsjahr?

Gruß

Palauenc05

Moien,
Danke, gern geschehen, die Wegkreuze sind eines meiner Hauptbetätigungsfelder, das Ziel ist eine komplette Liste aller Wegkreuze (und Wegkapellen) in Luxemburg. Ist ein Datum angegeben, ist es normalerweise das Entstehungsjahr, in seltenen Fällen gibt es ein weiteres Datum, womit das Jahr einer grösseren Restaurierung gemeint ist.
Beste Grüsse, --MMFE (Diskussioun) 09:55, 17. Feb. 2016 (UTC)Äntweren
In Wasserbillig stehen noch welche. Wenn ich dazu komme, mache ich noch Bilder davon. Gruß Palauenc05
Hier ist noch eins für deine Sammlung: Fichier:Hinkel wegekreuz.jpg. Gruß Palauenc05
Danke, das bräuchte auch dringend ne Restaurierung. --MMFE (Diskussioun) 23:23, 18. Feb. 2016 (UTC)Äntweren

Schau mal hier: Fichier:Wasserbillig Wegekreuz.jpg und Fichier:Dickweiler Wegekreuz.jpg Gruß --Palauenc05 (Diskussioun) 19:11, 25. Feb. 2016 (UTC)Äntweren

Vielen Dank, wieder sehr schöne Bilder. Beste Grüße --MMFE (Diskussioun) 00:03, 26. Feb. 2016 (UTC)Äntweren
Hab noch ein Kreuz aus Mompach hochgeladen: Fichier:Mompach Wegekreuz2.jpg. Noch ein Hinweis: bei dem bereits aus Mompach vorhandenen (von Dir fotografiert) stimmen die Koordinaten nicht. Gruß --Palauenc05 (Diskussioun) 22:20, 10. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren
Danke für den Hinweis, habs verbessert. Gruß --MMFE (Diskussioun) 23:18, 10. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren

Fichier:Girst wayside shrine.jpg änneren

Hallo MMFE, ich hab mir den Stein nochmal genauer angesehen und glaube, die Erklärung gefunden zu haben. Schau mal rein. Gruß --Palauenc05 (Diskussioun) 15:59, 14. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren

Eine gute Idee mal genauer zu schauen. Da stand früher sicher ein Metallkreuz drauf. Ich setze das Ding dann als Wegkreuz in die Liste. --MMFE (Diskussioun) 16:42, 14. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren
Das hat dann wohl ein Schrotthändler geklaut. Sollte man irgendwann mal restaurieren, zeitgenössische Kreuze sind bestimmt zu finden. Von der Schrift ist auch leider nichts mehr erhalten. Gibt es keine Belege in der Literatur? --Palauenc05 (Diskussioun) 16:54, 14. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren
Ich hab nichts dazu gefunden, wenigstens in der mir zugänglichen Literatur. Und eine Restaurierung ist eher unwahrscheinlich. --MMFE (Diskussioun) 17:11, 14. Mäe. 2016 (UTC)Äntweren

Fichier:Bettel wegekreuz.jpg änneren

Hallo MMFE, war nochmal dort und habe den Geocode korrigiert. Jetzt findet man das Kreuz auch im Street View. Der alte Code lag leider auf der falschen Straße. Gruß --Palauenc05 (Diskussioun) 10:01, 8. Abr. 2016 (UTC)Äntweren

Danke, sehr schön, das freut mich sehr. Beste Grüße --MMFE (Diskussioun) 11:18, 8. Abr. 2016 (UTC)Äntweren
... und habe in einem noch eins in Bettenduerf fotografiert: Fichier:Bettendorf Wegekreuz.jpg Gruß --Palauenc05 (Diskussioun) 12:26, 8. Abr. 2016 (UTC)Äntweren

Participate in the Ibero-American Culture Challenge! änneren

Hi!

Iberocoop has launched a translating contest to improve the content in other Wikipedia related to Ibero-American Culture.

We would love to have you on board:)

Please find the contest here: https://en.wikipedia.org/wiki/Wikipedia:Translating_Ibero_-_America/Participants_2016

Hugs!--Anna Torres (WMAR) (Diskussioun) 14:16, 10. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Wiki-Iessen am Juegdschlass, den 21. Mee, mëttes änneren

Moien,

ech hunn de Leit e klenge Message op hir Diskussiounssäit gesat, fir s'un d'Iessen z'erënneren. Merci fir d'Reservatioun. --Zinneke (Diskussioun) 19:57, 12. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Weekräiz zu Wuelper änneren

Hallo MMFE, tolle Geschichte von dem Kreuz. Ist irgendwo der Text auf dem Schaft notiert? der ist leider heute kaum noch lesbar. Gruß --Palauenc05 (Diskussioun) 20:45, 19. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Hallo Palauenc05,
Nein, auf dem Kreuz ist wohl nichts mehr lesbar. Die Geschichte stammt aber aus einem Inventar der Wegkreuze der Gemeinde Consdorf, das 1972 vom Gemeindesekretär erstellt wurde und in dem Buch aus der Referenz zur Beschreibung verwendet wurde. Gruß --MMFE (Diskussioun) 22:56, 19. Mee 2016 (UTC)Äntweren


11. Juni oder 11. Juli änneren

Salut op aner Plaze steet 11 Juni. ënner anerem an onsem Artikel Rhens souwéi a sengem däitscxhe Guet. Komesch Saachen déi sou beim Knäipe geschéien.:-) --Les Meloures (Diskussioun) 09:49, 20. Mee 2016 (UTC)Äntweren

PS D'Deutsche Biographie seet och den 11. Juli. Ech ginn dat dann emol och am Artikel Rhens ànneren. --Les Meloures (Diskussioun) 09:58, 20. Mee 2016 (UTC)Äntweren
Moien, ech wollt der dat och elo grad schreiwen. Ech hunn et och an engem Buch fonnt, dat ech heiheem hun.. Ech änneren den Datum och an dem däitschen Artikel Rhens, mol kucken op een dat kontestéiert. --MMFE (Diskussioun) 10:13, 20. Mee 2016 (UTC)Äntweren
Sinn do och gespaant --Les Meloures (Diskussioun) 10:17, 20. Mee 2016 (UTC)Äntweren

Lourdes-Grotten änneren

Salut,

D'Fransousen hunn eng Lëscht Liste de répliques de la grotte de Lourdes an do geet vu Lëtzebuerg iwwerhaapt net Rieds. Ech proposéiren ons Lëscht wa se fäerdeg ass do dranzeflécken, wat méngs du dozou? --Les Meloures (Diskussioun) 16:22, 1. Jun. 2016 (UTC)Äntweren

Salut,
Ech hat déi franséisch Lëscht och scho gesinn. Eis Lëscht kann een natierlech an hir integréieren, och wa se net fäerdeg ass well dat ka jo nach daueren. Et kënnt een hir Lëscht och bei eis iwwerhuelen, awer dat wier och vill Aarbecht a fir mech elo net direkt Prioritéit.--MMFE (Diskussioun) 21:35, 1. Jun. 2016 (UTC)Äntweren

Meng Dir, méng Schreifweis wier net richteg? änneren

Léiwen Här MMFE!

Méng Mamm ass kleng. Meng Der net? Si ass méng kleng Mamm!

Ech fannen, datt een do (bei 'eng' an 'éng') muss ënnerscheeden; et ass einfach net dee selwechte Laut: eng kleng Fra; hiirt Meedchen huet séngem Frënn vergiess, äddi ze soen.

Mee wann Dir mer kënnt soen, wou d'Regel ze fannen ass, déi alles an een Dëppe gehäit, da passen ech mech an Zoukonft un. Merci!

Bescht Gréiss,

Pierre Faber (Märel)


Léiwen Här Faber,
Ech huelen un dir schwätzt vu Korrektiounen am Artikel Napoléon III. Ech benotzen haaptsächlech 2 Hëllefsmëttele fir Feeler an den Texter ze fannen. Dat eent ass de Lëtzebuerger Online Dictionnaire (lod.lu) vum Ministère de la Culture an dat anert de Spellchecker (op spellchecker.lu gratis ze kréien), e klenge Programm, deen immens praktesch ass fir d'Kontroll vu lëtzebuergeschen Texter.
Fir déi Wierder, déi dir deelweis mat Accent schreift, gëtt et do nëmmen eng Schreifweis, an dat ass déi ouni Accent. Et ka sinn datt et emol Regele gi sinn, déi esou Ënnerscheeder gemaach hunn, mä déi da warscheinlech ofgeschaaft goufen. Méi kann ech Iech dozou och net soen.--MMFE (Diskussioun) 16:32, 27. Jul. 2016 (UTC)Äntweren

Fichier:Herborn Wegekreuz 1867.jpg änneren

Hi MMFE, schau mal mein Bild von dem Wegekreuz nahe Hierber an. In der "Lëscht vun de Weekräizer" stimmt der Geocode nicht. Ich wollte ihn korrigieren, hat aber aus irgendwelchen Gründen nicht geklappt. Richtig ist: 49.742991, 6.426003 Gruß --Palauenc05 (Diskussioun) 21:00, 2. Mäe. 2017 (UTC)Äntweren

Hallo Palauenc05, Danke für die Information von der falschen Ortsangabe. Ist jetzt verbessert. Ich habe auch noch zusätzliche Informationen über das Kreuz beigefügt.--MMFE (Diskussioun) 23:26, 2. Mäe. 2017 (UTC)Äntweren
Danke für Deine Bearbeitung. Laut Google Maps ist Hierbermillen aber weiter südlich, gegenüber dem Standort mit dem ursprünglich falschen Geocode. Deshalb hatte ich die Angabe "bei der Hierbermillen" entfernt. Schau bitte nochmal nach. Gruß --Palauenc05 (Diskussioun) 07:07, 3. Mäe. 2017 (UTC)Äntweren
Ich denke die Angabe "zwischen Hierber und Hierbermillen" ist nicht falsch, alternativ könnte man noch "3oo m südlich von Hierber" schreiben. Wer's genau wissen will muss eben auf die Karte schauen.--MMFE (Diskussioun) 09:21, 3. Mäe. 2017 (UTC)Äntweren
Alles klar, ich hab das "tëscht" falsch verstanden. --Palauenc05 (Diskussioun) 09:34, 3. Mäe. 2017 (UTC)Äntweren

Méchelskierch vu Kanech änneren

Moien MMFE. Ech schreiwen dech u well s du eise Kierchenexpert bass ;). Et huet een am Artikel Infoen dobäigesat. Ech verstinn net wat en do gemaach huet an nach manner wat e Paschtouer-Moderator soll sinn. Wann dat wierklech e Wuert ass so mer Bescheed ;). --Soued031 (Diskussioun) 21:02, 13. Sep. 2017 (UTC)Äntweren

Moien och. Schonn an de fréiere Parverbänn an och an deene neie Pare gëtt et d'Funktioun vum Moderator déi ee vun de Paschtéier an der Par iwwerhëlt. Ech hunn zwar nach néierens eng Definitioun vun där Funktioun gesinn, ech huelen awer un datt et sech dobäi ëm d'Leedung vun der Grupp handelt. Op de Bistumssäite schreiwen se dann ëmmer Paschtouer, Moderator, an net mat Bindestréch verbonnen. Fir dat an engem Saz besser liesbar unzegi kann een dann entweder Paschtouer-Moderator schreiwen oder Paschtouer a Moderator. --MMFE (Diskussioun) 21:33, 13. Sep. 2017 (UTC)Äntweren

Request about translation: 'United Nations General Assembly Resolution 68/262' änneren

Hello dear MMFE, saw your wonderful contribution in Luxembourgish Wikipedia. According to the subject I would like to ask you translate/help to translate the small article into Luxembourgish, and add it to the Wikipedia. Thank you in advance for your support/contribution and best wishes!

Salut, ech hunn deem Jengi mol geschriwwen e soll ophalen d'Leit mat sengen Iwwersetzungsdemanden ze nerven. Dat geet lo schonn ee Strapp ze laang. --Les Meloures (Diskussioun) 12:29, 3. Nov. 2017 (UTC)Äntweren
Merci, dat nervt effektiv. --MMFE (Diskussioun) 12:31, 3. Nov. 2017 (UTC)Äntweren


Ierbessenzielereien änneren

Salut du has mal de Graphique vun der Statistik vun den Artikele gemaach. Vläicht hues de Modell nach fir en update ze maachen. --Les Meloures (Diskussioun) 12:33, 4. Jul. 2018 (UTC)Äntweren

Merci fir de Rappel. Ech maachen dat deemnächst. MMFE (Diskussioun) 16:17, 4. Jul. 2018 (UTC)Äntweren

Lëscht vun de reliéisen Objeten zu Lëtzebuerg änneren

Salut! Hues Du eventuel nach de "Blank" vun de Weekräizer? Da kinnt een dat fein an dës Lëscht kopéieren...

Merci! --Jwh (Diskussioun) 08:03, 9. Jul. 2019 (UTC)Äntweren

Moien och. Jo, ech hunn nach esou eppes. Ech setzen der se dann an déi nei Lëscht vun de reliéisen Objeten an du kanns se da benotze wéi's de wëlls. MMFE (Diskussioun) 08:18, 9. Jul. 2019 (UTC)Äntweren
You've saved my day - Merci! --Jwh (Diskussioun) 08:35, 9. Jul. 2019 (UTC)Äntweren

Luxembourgers in Chicago änneren

Moien! If you don't mind, I'll write in English, as it is my mother tongue. Thank you for your interest to translate the Luxembourgers in Chicago article! Please let me know how I can help. One of the sources for the article is a book called 'Luxembourgers in America' from around 1960 and the copy of the book that I have is a translation from an original German book, which you may be able to find locally. There are details in it that I have not yet added to the article.

 
Nicholas and Maria Thill Schons from Wormeldange

As for Wormeldange, yes my maternal great-great-great grandparents were from there. My grandmother told me that her grandmother used to call her "Dummkopf" (which I find to be pretty funny). I was in Luxembourg in January 2022 to reclaim my citizenship through this connection. Visiting the town was a real trip! The cemetery had names that I had known from my family tree. I try now to buy riesling from there when I can, but in the USA it's a special order. Victorgrigas (Diskussioun) 14:48, 17. Nov. 2023 (UTC)Äntweren