Aries (Stärebild)

Stärebild

De Widder (laténgesch Aries) ass e Stärebild op der Ekliptik.

Date vum Stärebild Aries
Lëtzebuergeschen Numm Widder
Laténgeschen Numm Aries
Latäin Geenitiv Arietis
Latäin Ofkierzung Ari
Lag Ekliptik
Rektaszensioun 1h 46m bis 3h 30m
Deklinatioun +31° 15´ bis +10° 20´
Fläch 441 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 59° Süd.
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Hierscht
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
α Arietis (Hamal),
2,01m
Meteorstréim Arietiden
Delta-Arietiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Triangulum
Perseus
Taurus
Cetus
Pisces
Kaart vum Stärebild Aries (Widder)
Stéch vum Stärebild Aries

Beschreiwung

änneren

Den Aries ass e klengt awer markant Stärebild. Et läit südlech vum onopfällege Stärebild Triangulum (Dräieck) a westlech vum Stärebild Pisces (Fësch). Déi hellste Stäre sinn α (Hamal), β (Sheratan) an γ (Mesarthim) a bilden eng gebéite Linn um Himmel.

De Widder gehéiert zu den Déierekreeszeechen, well d'Ekliptik duerch d'Stärebild doduerch geet. D'Sonn hält sech all Joer vum 21. Mäerz bis den 20. Abrëll am Stärebild Aries op.

Geschicht

änneren

Ab der Antiquitéit, viru méi wéi 2.000 Joer, louch de Fréijoerspunkt, de Schnëttpunkt vum Himmelsequator mat der Ekliptik, am Stärebild Aries. Opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs verréckelt sech de Frèijoerspunkt lues no Westen. Ëm Christi Gebuert ass de Punkt an d'Stärebild Pisces gewandert.

Himmelsobjeten

änneren
B F Numm m M Lj Spektralklass
α 13 Hamal, Elnath 2,01 0,48 66 K2 III
β 6 Sheratan 2,64 1,33 60 A5 V
c 41   3,61 0,16 160 B8 V
γ1,2 5 Mesarthim 3,88 0,8 204 A1
δ   Botein 4,35 0,79 168 K2 III
    HD 20644 4,47 -2,0 640 K2 II-III
  39   4,52      
ε 48   4,63 -0,13 293 A2 V
  35   4,65 -0,6 370 B3 V
λ 9   4,79 1,73 133 F0 V
ζ 58   4,87 -0,22 340 A1 V
  14   4,98 0,0 340 A1 V
κ 12   5,03   187 A2m
ι 8   5,09   660 G2 Ib
τ2 58   4,87   340 K3 III
  38   5,17      
η 17   5,23   98 F5 V
π 42   5,26   600  
τ1 61   5,27   462 B5 IV
  53   6,13   750 O

den α Arietis ass mat enger visueller Hellegkeet vun 2,01m den hellste Stär am Stärebild Aries. Hien ass 66 Liichtjoer vun eis ewech an huet de 15fachen Duerchmiesser an déi 90fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.

Den Numm Hamal ass arabesch a bedeit och „Widder“.

Den zweethellste Stär, β Arietis, ass 60 Liichtjoer vun eis ewech. Et handelt sech ëm een engt Duebelstäresystem, dat mat Teleskopen netz e gein ass. Eréischt spektroskopesch Ënnersich weisen, datt sech zwéi Stären an engem Ofstand vun 1,2 AU op extreem exzentresche Bunnen ëm e vereente Schwéierpunkt beweegen.
Den arabeschen Numm Sheratan, „déi zwee Zeechen“, bezitt sech dorop, datt de β an de γ Arietis an der Antiquitéit de Fréijoerspunkt markéiert hunn.

Den 53 Arietis läit op enger Distanz vu 750 Liichtjoer. De blo-wäisse Stär huet eng visuell Magnitude vu 6,13m. Miessunge vun der Eegebeweegung weisen, datt sech de Stär mat enger ausseruerdentlech héijer Vitess vun 100 km/s beweegt. E gehéiert zu enger Grupp vu Stären, déi als „Runaway Stars“ (Ausräisser) bezeechent ginn. Méiglecherweis ware si eng Kéier Membere vun engem Méifachstäresystem a goufen duerch eng Supernovaexplosioun oder duerch d'Laanschtzéie vun engem anere System an de Raum geschleidert. Déi aner bekannt „Ausrräisserstäre“ sinn AE Aurigae am Auriga an η Columbae an der Columba.

System m Ofstand
γ 4,6 / 4,7 / 9 7,7/221"
λ 4,9 / 7,4 37,4"
ε 5,2 / 5,5 1,4"
τ1 5,4 / 7,9 / 8,4 0,15 / 0,67"
10 5,9 / 7,3 1,3"
1 6,2 / 7,4 2,8"

Den γ Arietis (Mesarthim) ass e Méifachstäresystem op enger Distanz vun 150 Liichtjoer a besteet aus dräi Stären, déi ëm ee Schwéierpunkt kreesen.

Stär m Period Typ
τ1 5,26 bis 5,32 Bedeckungsverännerlechen

Den τ1 Arietis läit op enger Distanz vu 462 Liichtjoer vun eis ewech an ass e bedeckungsverännerleche Stär.

Messier (M) NGC aner m Typ Numm
772 Galaxie

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren
Commons: Aries – Biller, Videoen oder Audiodateien