Hallefreegelméisseg verännerleche Stär

Hallefreegelméisseg verännerlech Stäre si Rout Risen oder Iwwerrise mat mëttlerem bis spéidem Spektraltyp. Si weisen deelweis Periode vu grousser Dauer, begleet oder heiansdo ënnerbrach vu verschiddenen Onreegelméissegkeeten. D'Periode leien am Beräich tëscht 20 a méi wéi 2000 Deeg, wärend d'Form vum Liichtbou zimmlech verschidden a variabel mat all Zyklus ka sinn. D'Amplitudë kënne vun e puer Honnertstel bis zu ville Magnitude reechen (gewéinlech sinn et 1 bis 2 Magnituden am V-Filter).

Hallefreegelméisseg verännerlech Stäre ginn a follgend Gruppen ënnerdeelt: (SR steet fir Semiregulair variable Stär; nieft der Schreifweis mat Klengbuschstawen um Schluss gëtt et och d'Variant mat ausschliisslech Groussbuschtawen, also beispillsweis SRA amplaz vun SRa):

  • SRa: Spéit Risestären an de Spektraltyppen M, C, S oder Me, Ce, Se, déi bleiwend Periode mat gewéinlech klengen Amplituden (manner wéi 2,5 Magnituden am Visuellen) weisen. De Stär Z Aquarii ass e Beispill vun där Klass. D'Amplituden an d'Forme vun de Liichtbéi variéieren am Allgemengen an d'Periode leien an engem Beräich vu 35 bis 1200 Deeg. Vill vun dëse Stären ënnerscheede sech vu Mira-Verännerlechen nëmmen doduerch, datt si méi kleng Amplituden an der Hellegkeet hunn.
  • SRb: Spéit Risestären an de Spektraltyppen M, C, S oder Me, Ce, Se mat schwiereg definéierbarer Periodizitéit (Duerchschëttszykle sinn am Beräich vun 20 bis 2300 Deeg) oder mat wiesselnden Intervalle vun hirer Period a luesen, onreegelméissegen Ännerungen. Geleeëntlech kënnen e puer vun hinnen hir Variatioune fir eng bestëmmt Zäit ganz ënnerbriechen. D'Stären RR Coronae Borealis an AF Cygni si Beispiller fir dëst Verhalen. Jiddwer Stär vun dësem Typ ka gewéinlech enger bestëmmter Period zougesprach ginn. Bei enger gewësser Zuel vu Fäll kann och eng gläichzäiteg Presenz vun zwou oder méi Perioden observéiert ginn.
  • SRc, och als My-Cephei-Stäre bekannt: Spéit Iwwerrise mat Spektralklassen M, C, S oder Me, Ce, Se mat Amplitudë vun zirka 1m a Periode vun 30 Deeg bis zu e puer Joerdausenden. μ Cephei ass en helle Stär vun dëser Klass.
  • SRd: Risen an Iwwerrise vun de Spektralklassen F, G, oder K, heiansdo mat Emissiounslinnen an hire Spektren. D'Amplitudë vun hiren Hellegkeetsännerunge sinn am Beräich vun 0,1m bis 4m, an hir Periode leien tëscht 30 an 1100 Deeg. D'Stären SX Herculis an SV Ursae Majoris si Beispiller vun dëser Klass. Am M13 kann en Dosende vun dëse roude Verännerleche mat amateurastronomesche Mëttelen observéiert ginn. Hir Hellegkeet schwankt tëscht 11,95m an 12,25m mat enger Period vun 43 Deeg (V24) bis 97 Deeg (V43).

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie