Konjunktioun (Astronomie)

Als Konjunktioun (Astronomescht Symbol: ☌) gëtt de visuelle Rendez-vous vun zwéi Planéiten oder engem Planéit mat der Sonn oder Mound bezeechent. Si trëtt an, wann d'Himmelskierper um Stärenhimmel de selwechte Koordinatewäert vun der Rektaszensioun erreechen. Heiansdo gëtt si och op déi Ekliptikal Längt bezunn (Konjunktioun an der Längt). Wat méi kleng dann d'Koordinatendifferenz an Deklinatioun ass, ëmsou méi no stinn d'Himmelskierper beieneen.

Wa sech bei engem ganz enke Rendez-vous ee vun de Kierper sech virun deen anere réckelt, schwätzt ee vu Beréierung respektiv enger Bedeckung. Als Kontakt ginn déi Momenter bezeechent, wou sech d'Scheiwercher vu baussen oder vu banne visuell beréieren.

Dräi openee follgend Deeg vun der Konjunktioun tëscht Äerdmound a Venus
1 Dag virun dräifacher Konjunktioun vun Äerdmound, Venus a Jupiter
Konjunktioun Mars-Jupiter um mueres den 22. Juli 2013

Zäitpunkten

änneren

Konjunktioun an der Rektaszensioun, an der Deklinatioun a Beréierung leien am Allgemengen zäitlech auseneen. Et ass méiglech, datt zwéin Himmelskierper a Konjunktioun an ekliptikaler Längt kommen (awer net an der Rektaszensioun), an ëmgekéiert. Ënnerschreckt d'Wénkeldistanz vun de béiden Himmelskierper d'Zomm vun de visuelle Radien, kënnt et zu enger Beréierung. Jee nachdeem, ob de klengen oder de grousse Kierper méi no beim Observateur ass, schwätzt een dobäi vun Duerchgang (Transit) oder Okkultatioun (Bedeckung).

Wärend Konjunktioune vu Planéiten all synodesch Period geschitt, si Beréierunge respektiv. Bedeckungen tëscht hinnen extreem rar. Planéitebedeckungen duerch den Äerdmound komme wéinst der visueller Gréisst vum Mound méi dacks vir - am Duerchschnëtt en ettlech an engem Joerzéngt. Dogéint triede visuell Stärebedeckungen mat fräiem A bal all Woch vir.[1]

Um Sonne- resp. Moundrand bezeechent een da véier ausgewielt Zäitpunkten als 1. – 4. Kontakt:

  • Den éischte a véierte Kontakt ass de Ament, an deem sech d'Ränner vun den Himmelskierper visuell beréieren, de Mëttelpunkt vum klenge Kierper awer nach resp. scho nees baussenzeg vun der Scheif vum gréissere Kierper ass.
  • Den zweete an drëtte Kontakt sinn d'Zäitpunkte vun der Randberéierung, bei deenen den Duerchgang schonn erfollegt ass.

Kuckt och: Sonnendäischtert, Sonnerand, Stärebedeckung.

Déi dräi Phenome sinn am Allgemengen op een Observateur op der Äerd bezunn, kéinten awer och fir aner Standpunkte definéiert ginn (topozentresche Problem). Da geschéien déi Evenementer zu aneren Zäite wéi fir d'Äerd.

Besonnesch Konjunktiounen

änneren

Konjunktiounen tëscht de Planéite ënnereneen, de Planéiten an helle Fixstären, dem Äerdmound a Planéiten, souwéi dem Mound an helle Stäre ginn dacks interessant Aspekter. Si sinn dofir meeschtens an den astronomesche Joerbicher notéiert. Heiansdo maache Planéite fir e puer Deeg bis Wochen och Dräiecke oder Véierecke mat helle Stäre, wat allerdéngs net extra virausberechent gëtt. Um Fréijoershimmel 2014 gouf et zwou esou Konstellatiounen: Jupiter mat den Zwillingsstäre Castor a Pollux, souwéi Mars, Saturn, Arcturus a Spica am Stärebild Virgo.

Besonnesch spektakulär ass d'Zesummentreffe vu Jupiter a Saturn um Himmel, wat een als Grouss Konjunktioun bezeechent. Si trëtt ongeféier all 20 Joer an. Well déi béid hell Planéite wéinst hirer grousser Distanz nëmme lues iwwer de Stärenhimmel wanderen, stinn si wochelaang no zesummen. Wa si an dëser Zäit hir Oppositioun hunn, kënne sech hir järlech Planéiteschleefe bal decken a si begéine sech wärend e puer Méint esouguer dräimol. Dëse rare Fall nennt ee Gréisst Konjunktioun; säin Optrieden am Joer 6 v.Chr. gëllt als déi kloerst Erklärung vum Stär vu Betlehem.

Konjunktioune vun Asteroiden oder liichtschwaache Planéiten Uranus a Neptun mat helle Planéiten oder Fixstären erméiglechen och net routinéierten Observateuren déi Objeten opzesichen, well den helle Planéit oder Stär als Leetstär dénge kann.

Interessant Konjunktiounen ergi sech och aus Duerchgäng vu Satellitte, brauchen awer ganz exakt Virausberechnungen a speziell Observatiounsmethoden.

Stärebedeckungen duerch Asteroiden erlaben et, hir Gréisst a Form ganz prezis ze vermoossen, andeem op verschiddene Plazen op der Äerd d'Okkultatiounsdauer an d'Zäit gemooss gëtt.

Planéitekonjunktiounen

änneren

Dräifach Konjunktioun a Schleef

änneren

Stinn zwee Himmelskierper bal zu der selwechte Zäit an Oppositioun zu der Sonn, sou kann et wéinst de visuelle Schleefbunnen vun de bedeelegten Himmelskierper zu dräi Konjunktioune bannent e puer Méint kommen. Et schwätzt een da vun enger dräifacher Konjunktioun. Sou Evenementer sinn tëscht de Planéite ganz rar. Déi lescht dräifach Konjunktioun war tëscht Mars a Jupiter am Joer 1980, tëscht Jupiter a Saturn 1981 an tëscht Mars a Saturn 1945/46, déi nächst änlech Evenementer sinn eréischt 2123 (dräifach Konjunktioun Mars - Jupiter), 2238/39 (dräifach Konjunktioun Jupiter - Saturn) an 2148 (dräifach Konjunktioun Mars - Saturn). Dräifach Konjunktiounen tëscht Jupiter / Uranus a Jupiter / Neptun sinn méi dacks.

Iewescht an ënnescht Konjunktioun

änneren
 
Konjunktiounen

Fir déi ënnescht Planéiten Merkur a Venus gëtt am Zesummenhang mat Konjunktioune mat der Sonn de Begrëff iewescht Konjunktioun an ënnescht Konjunktioun benotzt. Stinn Merkur a Venus – vun der Äerd aus gesinn – hanner der Sonn, sou befannen si sech an ieweschter Konjunktioun, stinn si tëscht Sonn an Äerd, sou befannen si sech an ënneschter Konjunktioun. Déi béid Planéiten hunn an ieweschter Konjunktioun de gréissten Äerdofstand, an ënneschter Konjunktioun hunn si déi klengsten Distanz zu der Äerd, sinn awer nëmmen a bestëmmte Fäll (Merkur a Venus wärend engem Duerchgang oder Venus bei groussem nërdlechen oder südleche Sonnenofstand) ze gesinn.

Fir déi iewescht Planéiten gëtt et nëmmen eng Aart vu Konjunktioun mat der Sonn (hanner där, si kënnen net tëscht Äerd a Sonn stoen). Steet en ieweschte Planéit a Konjunktioun, sou huet hien déi maximal Äerddistanz an ass vun der Äerd aus onsiichtbar. Déi iewescht Planéiten erreechen hir bescht Visualitéit zum Zäitpunkt vun der Oppositioun.

Konjunktioune vum Äerdmound

änneren

Wann de Mound a Konjunktioun mat der Sonn steet, dann hu mer Neimound. Wéi Merkur a Venus zitt de Mound meeschtens nërdlech oder südlech vun der Sonn laanscht. Nëmme wann hien an der Géigend vu sengem Bunnknuet steet, wandert hie fir den Observateur an ettleche Gebidder vun der Äerd direkt virun d'Sonn. Do gëtt et dann eng partiell oder total Sonnendäischtert.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Besonnesch Forme vun der Konjunktioun

änneren

Aner speziell Konstellatiounen

änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Konstellatioun 

  1. Zum Beispill 45 am Joer 2016 fir Wien a München (nom Österreichischer Himmelskalender 2016)