Pictor (Stärebild)
De Moler, (laténgesch Pictor) ass ee Stärebild um Südleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Pictor | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Moler |
Laténgeschen Numm | Pictor |
Laténgesche Geenitiv | Pictoris |
Laténgesch Ofkierzung | Pic
|
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 4h 32m bis 6h 52m |
Deklinatioun | -64° 9' bis -42° 47' |
Fläch | 247 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 25° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
Hellste Stär, Gréisst |
α Pictoris, 3,27m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Columba Caelum Dorado Volans Carina Puppis |
Beschreiwung
ännerenDe „Moler“ ass e Stärebild westlech vum helle Stär Canopus, deen zum Stärebild Carina (Kil vum Schëff) gehéiert. Nëmmen zwéi Stäre si méi hell wéi déi véiert Gréissteklass.
Dat Stärebild ass vu Lëtzebuerg aus net ze gesinn.
Geschicht
ännerenD'Stärebild gouf am Joer 1752 vum franséischen Astronom Nicolas-Louis de Lacaille agefouert. Op eelere Stärekaarte gëtt et meeschtens als Staffelei mat Pinsel duergestallt.
Am Joer 1897 huet den hollänneschen Astronom Jacobus Kapteyn festgestallt, datt sech d'Positioun vun engem liichtschwaache Stär däitlech verännert hat. De Kapteyns Stär huet (no dem Feilstär vum Barnard) déi zweethéchst gemoossten Eegebeweegung vun alle Stären. Et handelt sech ëm ee rouden Zwergstär vun der néngter Gréissteklass, dee sech pro Joer ëm 8,73 Bousekonnen iwwer den Himmel beweegt.
Am Joer 1984 gouf ëm den zweethellste Stär, β Pictoris eng Stëbscheif vu 25 AE Duerchmiesser nogewisen. Méiglecherweis handelt et sech dobäi ëm eng Akkretiounsscheif aus där sech e Planéitesystem formt. Lescht Hubble Biller weisen op zwou getrennte Stëbsscheiwen, zesumme mat engem grousse Planéit hin.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenB | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 3,27m | 99 | A7 IV | ||
β | 3,85m | 63 | A5 V | ||
γ | 4,50m | 174 | K1 III | ||
δ | 4,72m | 1656 | B0.5 IV | ||
η2 | 5,05m | 474 | M2 III | ||
HR 2196 | 5,04m | 394 | K2 / K3 III | ||
HR 2049 | 5,16m | 265 | G8 III | ||
HR 2389 | 5,20m | 312 | K0 III | ||
HR 2094 | 5,29m | 114 | F0 Ve | ||
λ | 5,30m | 343 | K0 / K1 III | ||
HR 2008 | 5,31m | 460 | K0 / K1 II | ||
η1 | 5,37m | 85 | F2 V | ||
ζ | 5,44m | 118 | F7 III-IV | ||
HR 1856 | 5,46m | 143 | G3 IV | ||
ι | 5,58m | ||||
Kapteyns Stär | 8,8m | 12,77 | M VI |
Den hellste Stär, α Pictoris ass ee wäiss-bloen Ënnerris mat der Spektralklass A6 V. Hie läit 100 Liichtjoer vun eis ewech. Säin Duerchmiesser ass dräimol méi grouss, hien huet déi dräifach Mass an déi 40fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
De β Pictoris läit op enger Distanz vun 63 Liichtjoer vun eis ewech. Hien huet déi néngfach Liichtkraaft an déi duebel Mass vun eiser Sonn. De Stär gehéiert zu der Spektralklass A5 V.
De Kapteyns Stär ass ee Rouden Zwerg mat enger visueller Magnitude vun 8,8m. Mat enger Distanz vun nëmmen 12,77 Liichtjoer ass hien ee vun deene noosten Nopere vun eiser Sonn.
System | Gréissten | Ofstand |
---|---|---|
ι | 5,58 / 6,42m | 12,3" |
Den ι Pictoris ass een Duebelstäresystem, dat scho mat engem klengen Teleskop observéiert ka ginn.
NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
1705 | Galaxie |
Am Pictor läit op enger Distanz vu 17 Millioune Liichtjoer eng irregulär Galaxie NGC 1705.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Pictor – Biller, Videoen oder Audiodateien |