Den NGC 1705 ass eng irregulär Zwerggalaxis déi ronn 16,6 Millioune Liichtjoer vun eiser Äerd ewech ass. Am Zentrum vum NGC 1705 ass e grousse Stärekoup, dee sech warscheinlech wärend enger Phas vun heftege Stäregebuerten, e sougenannte Starburst, viru 26 bis 31 Millioune Joer geformt huet. Als Studienobjet eegent sech den NGC 1705 besonnesch, well verschidden Astronome mengen, datt d'Zwerggalaxien zu den éischte Stärenusammlungen am fréien Universum gehéieren.

NGC 1705
Foto opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Pictor (Pic)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 54m 13,5s
Deklinatioun - 53° 21' 39,8"
Ausgesinn
Hubble-Sequenz SA0- pec:;HII BCDG
Visuell Magnitude 11,8 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
12,8 mag mag
Wénkelduerchmiesser 1,9 × 1,4
Flächenhellegkeet mag/arcmin² 12,9
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) zirka 16,6 Mio.
Routverrécklung +0,002112 ± 0,000019
Radialvitess (+633 ± 6)
Absolutten Duerchmiesser 2000
Geschicht
Entdecker John Herschel
Entdeckungsdatum 5. Dezember 1834
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
AM 0453-532
GC 937
h 2679
HIPASS J0454-53
IRAS 04531-5326
NGC 1705
PGC 16282
ESO 158-13
SGC 045306-5326.5
2MASX J04541350-5321398

Den NGC 1705 gouf de 5. Dezember 1834 vum britteschen Astronom John Herschel entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren