Astronomesch Eenheet

Eenheet vun der Längt

D'Astronomesch Eenheet (AE) (international AU fir Astronomical Unit) ass eng Eenheet vun der Längt, déi an der Astronomie gebraucht gëtt. Eng AE ass definéiert als 149.597.870.700 Meter, wat dem duerchschnëttlechen Ofstand vun der Äerd zur Sonn entsprécht.

Enger Astronomescher Eenheet (1 AE) entspriechen:

  • 1,49597870691 × 1011 m (149.597.870.700 Meter) oder
  • 1,58129 × 10−5 Lj (0,0000158129 Liichtjoer ~ 8 Liichtminutten) oder
  • 4,848 × 10−6 pc (0,00000484 Parsec oder Parallaxensekonnen)
  • Am August 2012 huet d'International Astronomesch Unioun op hirer 28. Generalversammlung zu Peking de Wäert vun der Astronomescher Eenheet (AE) op 149.597.870.700 Meter festgeluecht. [1] [2] [3]

Literatur änneren

  • Standish, E.M.: The Astronomical Unit now. Proceedings IAU Colloquium No. 196, 2004, S. 163–179 (online, PDF, 1,5 MB)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie