De Canopus (α Carinae) ass den hellste Stär am Stärebild Carina (Schëffskiel). Hien ass nom Sirius deen zweethellste Stär um Nuetshimmel. Hie steet awer sou wäit südlech, datt hie vu Mëtteleuropa aus net ze gesinn ass. Nëmme vum südlechsten Deel vun Europa (Gibraltar, Malta a Kreta) aus kann hien observéiert ginn. Opgrond vu senger Stellung nom Südpol vun der Ekliptik déngt hie ville Raumflugkierper wéinst senger grousser Hellegkeet och als Leetstär. De Canopus gouf no engem Schëffsteiermann am Déngscht vum mythesche Kinnek Menelaos, genannt. Aner Nimm sinn: Suhail, Suhel.

Kaart vum Stärebild Carina

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie