D'Achterdeck vum Schëff (latäin. Puppis) ass e Stärebild vum südleche Stärenhimmel.

Date vum Stärebild Puppis
Laténgeschen Numm Puppis
Laténgesche Geenitiv Puppis
Laténgesch Ofkierzug Pup
Positioun
Rektaszensioun 6h 03m bis 8h 27m
Deklinatioun -11° 15’ bis -51° 05’
Fläch 673 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 39° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter (net
vollstänneg ze gesinn)
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
4
Hellste Stär,
Gréisst
Naos(ζ Puppis),
2,25m
Meteorstréim Pi-Puppiden
Puppiden-Veliden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Monoceros
Canis Major
Columba
Carina
Vela
Pyxis
Hydra
Kaart vum Stärebild Puppis

Beschreiwung änneren

D'Puppis ass e grousst Stärebild westlech a südlech vum Groussen Hond. Véier vu senge Stäre si méi grouss wéi déi 3. Gréissteklass.

Duerch de westlechen Deel zitt sech d'Band vun der Mëllechstrooss, dofir fënnt een an der Puppis vill oppe Stärekéip, wéi z. B.: M46, M47 an de M93.

Wéinst senger Positioun kann d'Stärebild vun Europa aus nëmmen am déiwe Süde ganz gesi ginn, wéi a Südspuenien, Sizilien, an am Peloponnes.

Geschicht änneren

D'Puppis ass en Deel vum antike Stärebild Argo Navis (Schëff vum Argo), dat zu den 48 Stärebiller gehéiert, déi schonn de Ptolemäus beschriwwen huet.

De franséischen Astronom Lacaille huet dat ausgedeent an oniwwersiichtlecht Stärebild am Joer 1763 an d'Stärebiller Carina, Vela a Puppis geännert. Dobäi goufen déi fréier Stärebezeechnunge bäigehalen, soudatt all griichesche Buschtaf an deenen dräi Stärebiller nëmmen eemol virkënnt. Dofir gëtt et ee Stär α Carinae (Canopus), awer keng Stären α Puppis oder α Velorum.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
ζ Naos, Suhail Hadar 2,25m 1400 O5 IAf
π 2,71m 1095 K3 Ib
ρ 15 2,83m 63 F2m + F5 IIp
τ 2,94m 183 K1 III
ν 3,17m 423 B8 III SB
σ 3,25m 184 K5 III SB
ξ 7 Azmidiske (Aspidiske) 3,34m
c 3,62m 1388 K4 III
a 3,71m 345 G5 III
3 3,94m A2 Iabe
P 4,10m 1965 B0 III
11 4,20m 503 F7 + F8 II
J 11 4,22m 1942 B0.5 Ib
16 4,40m 473 B5 V
h2 4,42m 311 K1 II-III
HR 2906 4,44m 84 F6 V
NS 4,44m 1875 K4 III
q 4,44m 93 A7 III
V 4,47m 1165 B1 Vp + B2
QW 4,49m 69 F0 IV
QZ 4,49m 641 B2 V
HR 2948 4,50m 454 B5 IVn
ο 4,40m 2471 B1 IV:nne
f 4,53m 358 B8 IV/V
HR 3131 4,61m 238 A1 V
HR 2949 4,62m 454 B5 Ivn
1 4,63m 977 K5 III
HR 3089 4,63m 720 B1.5 Vp
HR 2922 4,65m 225 B8 V
HR 2881 4,65m 1754 G2 Ib
NV 4,65m 847 B2V + B3Ivne
PU 4,69m 551 B8 IV
Q 4,69m 227 K0 III
19 4,72m 185 K0 III
HR 3226 4,73m 4660 A5 Ib
HR 2762 4,75m 355 B8-9 V
HR 3113 4,76m 1443 A7 III
MX 4,78m 980 B2ne
KQ 4,82m 3363 A4 Ia
A 4,83m 752 B3 IV-V
W 4,83m 839 K2 II/III
HR 2961 4,84m 574 B3 V
HR 2874 4,85m 3230 A6 Ib/II
L1 4,87m 182 A0pSi
H 4,92m 192 A4 IV
HR 2608 4,94m 1063 M1 III
HR 2959 4,98m 677 K3 III
HR 2549 4,99m 906 K2 / K3III
20 4,99m 1231 G5 Ib/II
HR 3079 5,01m 59 F3 / F5V
HR 2770 5,03m 959 B3 V
4 5,03m 236 F2 V
HR 2998 5,04m 79 G5 IV
HR 2462 5,05m 436 G8 III
t 5,07m 760 B4 IV/V
HR 3035 5,07m 1240 B2IV/V
N 5,08m 1284 B2.5 IV
OS 5,09m 1178 B2 V
12 5,09m 786 G8 II
L2 5,10m 198 M5 IIIe
NW 5,11m 836 A0 V
HR 2719 5,12m 313 K2 III
HR 3002 5,12m 216 K1 III
HR 2548 5,14m 82 F5 III
O 5,14m 300 K2 III
9 5,16m 54 G2 V
6 5,17m 253 K3 III
HR 3283 5,18m 1631 B2 IV-V
HR 2666 5,20m 315 Am
HR 3037 5,22m 1673 B1 V
HR 3140 5,22m 189 F3 V
F 5,24m 469 A0 V
MZ 5,25m 2347 M2 II
HR 2384 5,28m 169 F2 V
E 5,30m 434 A3pSrEuCr
HR 3315 5,32 507m K4 / K5III
HR 3043 5,32m 321 G0 III
HR 3183 5,33m 1222 A3 Ib/II
HR 3114 5,36m 1121 B2.5 V
HR 3018 5,36m 50 G0 V
HR 2981 5,41m 618 B3 V
y 5,41m 557 B3 V
HR 3085 5,44m 757 K1 IIICN
HR 3326 5,45m 813 B3 V
5 5,48m 99 dF5
HR 3091 5,48m 801 B2 V

Den hellste Stär ζ Puppis ass en extreem liichtkräftege blo-wäissen Iwwerris mat der Spektralklass O5 op enger Distanz vu 1.400 Liichtjoer. Hien huet déi 18fach Mass, de 40fachen Duerchmiesser an déi 20.000fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
Den Numm Naos staamt aus dem Griicheschen a bedeit „Schëff“.

Duebelstären änneren

System Gréissten Ofstand
π
ξ 3,3 / 5,3m 288"
κ 4,5 / 4,6m 9,9"
n 5,8 / 5,9m 9,7"
ν 4,7 / 5,1m 240"

Den π Puppis, ass den zweethellste Stär an der Puppis. Et ass en Duebelstäresystem, op enger Distanz vun 1.095 Liichtjoer. Et handelt sech ëm een Iwwerris deen orange liicht, a gëtt begleet vun engem wäisse Stär.

D'System ξ Puppis (och Azmidiske genannt) ass 1.348 Liichtjoer vun eis ewech a besteet aus zwéi Stäre mat de Spektralklasse G3 an G0. Wéinst hirem wäite Wénkelofstand vun 288 Bousekonnen kënne si scho mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.

Verännerlech Stären änneren

Stär Gréisst Period Typ
L2 2,6m bis 6,2m 140 Deeg Hallefreegelméisseg Verännerlechen

Den L2 Puppis ass en hallefreegelméisseg verännerleche Stär a steet op enger Distanz vun 198 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Seng Hellegkeet ännert iwwer en Zäitraum vu ronn 140 Deeg. Et ass e roude Stär mat der Spetralklass M3 III. Wärend dem Maximum ass hien opfälleg hell, am Minimum kann hien ënner gënschtege Siichtbedingungen just nach mat bloussem A gesi ginn

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC aner Gréisst Typ Numm
46 2437 6,5m Oppene Stärekoup
47 2422 4,5m Oppene Stärekoup
93 2447 6,5m Oppene Stärekoup
2423 6,5m Oppene Stärekoup
2438 10,5m Planetareschen Niwwel
2451 3,0m Oppene Stärekoup
2477 6,0m Oppene Stärekoup
2539 6,5m Oppene Stärekoup
2546 6,5m Oppene Stärekoup

Am Stärebild Puppis ass eng Rei vun Oppene Stärekéip. Dräi dovun huet de franséischen Astronom a Koméitejeeër Charles Messier a säi Katalog mat niwwelegen Objeten de Messier-Katalog opgeholl.

De M 46 ass e Stärekoup op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer.

Am nërdlechen Deel vum M 46 steet de Planetareschen Niwwel NGC 2438. Den Niwwel gehéiert net zum Stärekoup. Hie steet op enger Distanz vu 4.000 Liichtjoer.

De M 47 ass ronn 1.800 Liichtjoer ewech. Hien ass mat bloussem A als niwwelege Fleck z'erkennen. Et handelt sech ëm e relativ jonke Stärekoup mat bloe Stären.

De M 93 läit zirka 4.000 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech.

Den NGC 2451 ass den hellste Stärekoup am Stärebild Puppis a mat bloussem A däitlech ze gesinn. Opgrond vu senger südlecher Positioun kann hien allerdéngs vu Mëtteleuropa net gesi ginn. Hie läit op enger Distanz vu 5.000 Liichtjoer.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Puppis – Biller, Videoen oder Audiodateien