Haaptmenü opmaachen
Date vum Stärebild Volans
Lëtzebuergeschen Numm Volans
Däitschen Numm Fliegender Fisch
Laténgeschen Numm Volans
Laténgesche Genitiv Volantis
Laténgesch Ofkierzung Vol
Positioun um südlechen Himmel
Rektaszensioun 6h 31’ bis 9h 04m
Deklinatioun -64° 05’ bis -75° 30’
Fläch 141 Quadratgrad
Siichtbar op de Breedegraden 14° Nord bis 90° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
net ze gesinn
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
keen
Hellste Stär,
Gréisst
β Voantis,
3,77m
Meteorstréim -
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Carina
Pictor
Dorado
Mensa
Chamaeleon
Kaart vum Stärebild Volans

D'Stärebild Volans oder Pisces Volans (laténgesch), op Däitsch: „Fliegender Fisch“, ass eng Konstellatioun um südleche Stärenhimmel.

BeschreiwungÄnneren

De Volans ass en onopfällegt Stärebild südlech vum Carina. Kee vu senge Stären ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.

GeschichtÄnneren

De Volans gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollänesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a sengem Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.

HimmelsobjetenÄnneren

StärenÄnneren

B F Nimm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
β 3,77 108 K1 III
γ2 3,78 142 K0 III
ζ 3,93 134 K0 III
δ 3,97 660 F6 II
α 4,00 124 A2-3 IVm
ε 4,35 642 B6 IV
HR 3280 5,06 296 K1 III
HR 2662 5,18 290 K3 III
θ 5,19 239 A0 V
η2 5,28 356 A0-1 IV-V
κ1 5,33 391 B9 III-IV
HR 3537 5,34 171 F5 IV
ι 5,41 559 B7 IV
κ2 5,63
γ1 5,68

Den hellste Stär am Volans ass de β Volantis. Hien ass 108 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech, seng Spektralklass ass K2 III, hie liicht orange.

DuebelstärenÄnneren

System m Ofstand
γ 3,78 / 5,68 13,6"
κ 5,33 / 5,63 / 8,5 65" / 37,7"

Den zweethellste Stär, γ Volantis, ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 142 Liichtjoer. De Wénkelofstand ass mat 13,6 Bousekonnen zimmlech grouss.

De κ  Volantis ass een Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 393 Liichtjoer. Déi hellste Komponent ass de κ1, ee bloe Risestär mat der Spektralklass B9. Op engem Ofstand vu 65 Bousekonnen ass de κ², een Ënnerris mat der Spektralklass A0. Weider 37,7 Bousekonnen ewech steet déi drëtt Komponent, den κ Volantis C. κ1 an den κ2.

Den Epsilon Volantis (ε Volantis) ass e weidert Dräifachstäresystem.

NGC-ObjetenÄnneren

NGC divers m Typ Numm
2442 Galaxis

Am Volans fënnt een och d'Balkespiralgalaxis NGC 2442.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Volans – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie