Dorado (Stärebild)
De Schwäertfësch, laténgesch Dorado ass e Stärebild um südleche Stärenhimmel.
Date vum Stärebild Dorado | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Dorado oder Schwäertfësch |
Laténgeschen Numm | Dorado |
Laténgesche Geenitiv | Doradus |
Laténgesch Ofkierzung | Dor |
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 3h 53m bis 6h 36 |
Deklinatioun | -48° 40’ bis -70° 05’ |
Fläch | 179 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 20° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
Hellste Stär, Gréisst |
α Doradus, 3,27m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Caelum Horologium Reticulum Hydrus Mensa Piscis Austrinus Pictor |
Beschreiwung
ännerenDen Dorado ass kee markant Stärebild. Et besteet aus e puer Stären, déi sou ausgesinn, wéi wa si un enger Päreleschnouer géifen hänken. D'Stärebild ass südwestlech vum Canopus, deem zweethellste Stär um Südhimmel, ze fannen.
Am Dorado ass och de gréissten Deel vun der Grousser Magellanescher Wollek ze fannen.
Wéinst senger südlecher Positioun kann dat Stärebild net vun Europa aus gesi ginn.
Geschicht
ännerenDen Dorado ass eent vun deenen 12 Stärebiller, déi um Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. Fréier huet dat Stärebild "Goldfësch" geheescht. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a säin Himmelsatlas Uranometria opgeholl.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenB | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 3,30m | 200 | A0 III | ||
β | 3,5 bis 4,1m | 8000 | F8 Ia | ||
γ | 4,26m | 70 | F3 V | ||
δ | 4,34m | ||||
36 | 4,65m | ||||
ζ | 4,71m | ||||
θ | 4,81m | ||||
η2 | 5,01m | ||||
ν | 5,06m | ||||
ε | 5,10m | ||||
λ | 5,14m | ||||
κ | 5,28m | ||||
28 | 5,34m | ||||
π2 | 5,37m | ||||
π1 | 5,56m | ||||
η1 | 5,72m |
Den α Doradus, den hellste Stär am Dorado, ass 200 Liichtjoer vun eis ewech. De Stär liicht wäiss a gehéiert zu der Spektralklass A0 III.
Stär | Gréisst | Period | Typ |
---|---|---|---|
β | 3,5m–4,1m | 9,842 Deeg | Cepheiden |
Den β Doradus ass ee verännerleche Stär vum Typ Cepheiden. Seng Hellegkeet verännert sech mat enger Period vun 9,842 Deeg. De Stär läit 8.000 Liichtjoer vun eis ewech
NGC-Objeten
ännerenNGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
LMC | 5m | Galaxie | Grouss Magellanesch Wollek | |
1549 | 9,8m | Galaxie | ||
1553 | 9,4m | Galaxie | ||
1566 | 9,7m | Galaxie | ||
1672 | 9,7m | Galaxie | ||
1755 | Kugelstärekoup | |||
1763 | Emissiounsniwwel | |||
1820 | Oppene Stärekoup | |||
1850 | Kugelstärekoup | |||
1854 | Kugelstärekoup | |||
1869 | Oppene Stärekoup | |||
1901 | Oppene Stärekoup | |||
1910 | Oppene Stärekoup | |||
1936 | Emissiounsniwwel | |||
1974 | Stärekoup | |||
1978 | Oppene Stärekoup | |||
2002 | Oppene Stärekoup | |||
2027 | Oppene Stärekoup | |||
2032 | Emissiounsniwwel | |||
2070 | 5,4m | Emissiounsniwwel | Tarantelniwwel | |
2080 | 10,42m | Emissiounsniwwel | ||
2157 | Oppene Stärekoup | |||
2164 | Kugelstärekoup |
Déi Grouss Magellanesch Wollek (englesch: Large Magellan Cloude (LMC)) ass den hellsten a gréissten niwwelegen Objet um Nuetshimmel. Den Niwwel huet eng Ausdeenung vu 5-mol 6°. Et handelt sech ëm eng kleng Begleetgalaxie vun eiser Mëllechstrooss op enger Distanz vun zirka 160.000 Liichtjoer. An hir si vill Stärekéip an Niwwelen, wéi z. B. den Tarantelniwwel. Am Joer 1987 war do eng Supernova opgetrueden, si war déi äerdnoosten zanter 383 Joer.
Den Tarantelniwwel (NGC 2070) ass en Emissiounsniwwel an der Grousser Magellanescher Wollek an 160.000 Liichtjoer vun eis ewech. Den Niwwel huet déi 5.000fach Liichtkraaft vum Orionniwwel an ass de gréisste bekannten Objet vu senger Aart am Universum. D'Strukture vum Niwwel gläichen enger Spann a ginn dem Objet sou hiren Numm.
Weider fënnt een am Dorado vill Galaxien, déi ganz wäit ewech leien, z. B.: NGC 1549, NGC 1553, NGC 1566 an den NGC 1672.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Dorado – Biller, Videoen oder Audiodateien |