E Planéitesystem ass eng Usammlung vu masseräiche Kierper, déi sech – duerch d'Gravitatiounskraaft gebonnen – ëm op d'mannst een Zentralstär beweegen. Déi gréisst vun dëse Kierper ginn och als Planéite bezeechent (soulaang an hirem Kär keng Kärfusiounsprozesser oflafen).

Künstleresch Duerstellung vun eisem Planéitesystem

Detailer

änneren

Dat bekanntst Planéitesystem ass dat vun der Sonn, eist Sonnesystem, dat bis zu der Entdeckung vum éischten extrasolare Planéit am Joer 1992 dat eenzegt bekannt Virkomme vu planetare Kierper war.

Am Ëmkrees vun 100 Parsec goufen, bis Ufank 2006 ëm 7 Prozent vun de Stären, Planéiten entdeckt. Dovu bis elo 14 Planéitesystemer mat zwéin, fënnef Systemer mat dräi an zwee Systemer mat véier bekannte Planéiten, an eent mat siwen (Stand 2009).

Bekannt Planéitesystemer

änneren

Zu de bedeitendste Planéitesystemer déi eis haut bekannt sinn, zielen ë. a., nieft dem Sonnesystem:

Kuckt och

änneren

Literatur

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Planetary systems – Biller, Videoen oder Audiodateien