Pegasiden
Aktivitéitszäitraum 7. Juli bis 13. Juli
Aktivitéitsmaximum 9. Juli
Radiantenpositioun
vum Aktivitéitsmaximum
RA: 22h 40m
DE: +15°
ZHR 3
Populatiounsindex r 3,0
geozentresch Vitess 70 km/s

De Meteorstroum vun de Pegasiden ass tëscht dem 7. Juli an dem 13. Juli aktiv, woubäi et sech ëm e schwaache Meteorstroum handelt, dee wärend sengem Maximums den 9. Juli eng ZHR vun nëmmen 3 Meteoren/h huet. D'Meteoren hunn awer eng Antrëttsvitesse vu ronn 70 km/s.

De Radiant vun de Pegasiden ass am Stärebild Pegasus, zirka 5 Grad westlech vum Stär Markab. De Mammekierper vun dësem Meteorstroum ass méiglecherweis de Koméit C/1979 Y1 Bradfield.
Fir Mëtteleuropa bitt sech als bescht Observatiounszäit déi zweet Nuetshallschent un, well dann de Radiant eng ausräichend Héicht iwwer dem Horizont huet.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie