Rue des Bains

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Rue des Bains, op lëtzebuergesch Biedergaass, ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se leeft als Verlängerung vun der Rue Willy-Goergen a Richtung Westen bis bei d'Avenue Amélie.

Rue des Bains
Lëtzeb. Numm Biedergaass
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1212
Koordinaten 49°36'47,88"N, 6°7'40,87"O
Morphologie
Längt 220 m
Héicht i. M. 307 m

Geschicht änneren

D'Strooss huet hiren Numm zanter dem 21. Juli 1877; genannt gouf se no der Badanstalt, déi dunn do opgoung. Sengerzäit huet se beim Eecher Bierg ugefaangen; eréischt 1945 gouf den Deel tëscht dem Eecher Bierg an der Biederplaz, laanscht d'Redemptoristeklouschter a Rue Willy Goergen ëmgenannt[1].

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rue des Bains – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Rue des Bains op archives-vdl.lu, den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 29. Mäerz 2020