Synonymie (aus dem Griichesche συνώνυμος synónymos fir de selwechten Numm) ass eng Bezéiung tëscht lexikaleschen Zeechen. E Synonym ass e lexikalescht Zeechen, wat déi selwecht Bedeitung huet, wéi en anert lexikalescht Zeechen.

E Synonym fir „Synonym“ ass „Ersatzwuert“.

Eng liicht aner Bedeitung vu Synonym fënnt ee beim Aristoteles am éischte Kapitel vu senger Kategoriëschrëft (vgl. Kategorien 1):

Synonymitéit bedeit hei eng speziell Relatioun tëscht Saach a Wuert, wéi et dem Aristoteles an dësem Kapitel iwwerhaapt drëms geet, primär Aussoen iwwer Saachen, an net iwwer Wierder ze maachen.

Synonym ass d'Verhältnis vu Saachen zu engem gemeinsamen Uewerbegrëff. Sou kënnen d'Saache Mënsch a Rand dem selwechten Uewerbegrëff "Liewewiesen" zougeuerdent ginn. Schwätzt een also Rand a Mënsch mat "Liewewiesen" un, sou kann een déi selwecht Erklärung ofginn, wéi wann nom Liewewiese-Sënn vu Rand oder Mënsch gefrot gëtt. Et gëtt bei der Synonymie also de selwechten Numm (hei d'Beispill: „Liewewiesen“) an och déi selwecht Bezeechnung (hei: wat et heescht, e Liewewiesen ze sinn) fir verschidde Saache benotzt. Ergänze misst een natierlech beim „selwechten Numm a bei selwecht Bezeechnung“ nach „vun den Differenzen ofgesinn“.

Literatur zum Theema änneren

  • D. Alan Cruse, Lexical Semantics. CUP, Cambridge, 1987.
  • Erich an Hildegard Bulitta, Das große Lexikon der Synonyme, Fischer Verlag, Frankfurt, 2005.
  • Erich an Hildegard Bulitta, Wörterbuch der Synonyme und Antonyme, Fischer Verlag, Frankfurt, 2003.
  • Hadumod Bußmann, Lexikon der Sprachwissenschaft, Alfred Kröner Verlag, Stuttgart, 2002.
  • Michael Kurz, Das neue Wörterbuch der Synonyme, Econ-Ullstein-List-Verlag, München, 2001.
  • John Lyons, Linguistic Semantics. An Introduction., CUP, Cambridge, 1995.
  • Paul Grebe, Wolfgang Müller a.a., Der Große Duden. Band 8: Vergleichendes Synonymwörterbuch, 1964.
  • Schülerduden. Die richtige Wortwahl. Hg. von Wolfgang Müller. Mannheim:Dudenverlag, 1977
  • Wolfgang Müller (Ersg.), Duden. Die sinn- und sachverwandten Wörter. Synonymwörterbuch der deutschen Sprache, Dudenverlag, Mannheim, 1997.

Um Spaweck änneren