Malakoff-Tuerm (Fërdertuerm)

Als Malakoff-Tuerm (och Malakow-Tuerm) bezeechent ee Fërdertierm am Biergbau mat enger charakteristescher Bauform, déi haaptsächlech an den 1850er bis 1870er Joren a Kontinentaleuropa fir d'Schachtfërderung gebaut goufen.

Malakoff-Tuerm, Schacht Julius Philipp, Bochum-Wiemelhausen
Skizz vum Malakoff-Tuerm Julius Philipp

Et si massiv gemauert Schachttierm mat enger festungsähnlecher Architektur. Déi stabil Bauweis aus bis zu 3 m décken zille Maueren an enger versteifter Konstruktioun bannenan huet et erméiglecht, déi schwéier Seelscheiwen ze halen an déi enorm Zuchkräfte vun de Fërdermaschinnen opzefänken. Et huet ee se virun allem am Steekuelen-, Eisenäerz- an am Kalisalz-Biergbau fonnt.

De Volleksmond huet dës Tierm nom Malakoff-Tuerm zu Sewastopol benannt, deen an där Zäit wou déi Schachttierm entstane sinn en haart ëmkämpften Tuerm am Krimkrich war, well déi Referenz d'Widerstandsfäegkeet vun de bis zu 30 m héije Fërderariichtunge betount huet. Baulech gläiche sech de Festungstuerm an d'Fërdertierm bis op déi robust wuchteg Form awer guer a glat net. Déi biergbautechnesch Bezeechnung fir déi Fërdertierm war dowéinst och ganz einfach "Mauerwierk", bis datt 1928 de Carl Koschwitz den ëmgangssproochlechen Terme an d'Technikgeschichtsschreiwung agefouert huet[1].

D'Gebaier vum Charbonnage du Hasard zu Chertal mat an der Mëtt dem Malakofftuerm vum Pëtz N° 1

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Malakoff-Fërdertierm – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Carl Koschwitz, Die Hochbauten auf den Steinkohlenzechen des Ruhrgebiets, Technesch Héichschoul zu Berlin, Girardet Verlag, Essen, Dissertatioun vum 22. September 1928, S.26 ff.