International Rugby Board
Den International Rugby Board ass de Weltverband vun der Sportaart Rugby Union. E gouf 1886 als International Rugby Football Board (IRFB) vun de Verbänn aus Schottland, Irland a Wales gegrënnt. 1890 ass England, dat am Ufank net wollt matmaachen, als neie Member derbäikomm.
Den Haaptsëtz vum IRB ass an der irescher Haaptstad Dublin. Am Verband sinn 2008, 95 Vollmemberen, 20 associéiert Memberen a sechs Regionalverbänn. Den IRB organiséiert e puer vun de bedeitendsten Turnéieren, virum allem d'Rugby-Union-Weltmeeschterschaft.
Geschicht
ännerenVirun 1885 goufen d'Spillreegele vum englesche Verband Rugby Football Union festgeluecht. Wéinst Streidereien iwwer d'Reegelen an d'Punktwäertung hunn d'Verbänn aus Irland (Irish Rugby Football Union), Schottland (Scottish Rugby Union) a Wales (Welsh Rugby Union) en internationale Verband, den International Rugby Football Board (IRFB) gegrënnt, a hunn de Spillverkéier mat England boykottéiert. Nom Schluss vun de Streidereien ass England trotzdeem 1890 an den IRFB bäigetrueden. An dem selwechte Joer leet den IRFB déi éischt international Reegele fest. Méi spéit – nämlech 1949 – koumen dann och bedeitend Rugbynatiounen Australien, Neiséiland a Südafrika derbäi.
De Board war fréier no sengem Selbstverständnes an deem vu senge Memberen eng reng Reegelkomissioun, a keen eigentlechen Daachverband fir Concourse wéi d'Weltmeeschterschaft oder Turnéieren. Den Numm léisst dat jo schonn erkennen, et ass weeder eng "Unioun" nach eng "Féderatioun", mä einfach reng e "Board".
Eréischt nom Bäitrëtt vu Frankräich am Joer 1978 goufen a kuerzer Zäit ëmmer méi Länner opgeholl, a bilden d'Membere vun der FIRA-AER. Den IRFB gouf zum Weltverband, an huet 1987 déi éischt Rugby-Union-Weltmeeschterschaft organiséiert , an iwwerhëlt d'Patronat iwwer aner Concoursen. 1998 gouf en an International Rugby Board (IRB) emgedeeft.
Concoursen
ännerenDéi éischt Rugby-Union-Weltmeeschterschaft war 1987 an Australien an an Neiséiland. Seitdem gëtt se all 4 Joer gespillt. D'Weltmeeschterschaft zielt mëttlerweil zu de wichtegste Sportevenementer vun der Welt. D'Associatioun Rugby World Cup Ltd., déi vun der IRB geleet gëtt, huet all d'Rechter am Zesummenhang mat der Weltmeeschterschaft. D'Recette si sou grouss, datt d'IRB e groussen Deel dovu benotzt, d'Entwécklung vu méi klenge Rugbynatiounen z'ënnerstëtzen. Den IRB organiséiert och d'Rugby-Union-Weltmeeschterschaft vun de Fraen, die och all véier Joer ass, an zwar ëmmer am Joer virun der WM vun de Männer. En aneren Tournoi ass d'Weltmeeschterschaft U19 an U21.
Den IRB ass verantwortlech fir d'Organisatioun vu ville Concoursen an der Variante 7er-Rugby. Am wichtegste sinn d'IRB Sevens World Series. 1993 gouf op Ufro vun de Schotte fir d'éischt eng 7er-Rugby-Weltmeeschterschaft organiséiert. 2009 soll et fir d'éischt Kéier eng 7er-Rugby-WM fir Damme ginn.
Nieft de Rugby-Union-Weltmeeschterschafte vun de Männer a Fraen an de villen 7er-Rugby-Concours'en, organisiert d'IRB an der ganzer Welt aner Tournoien. Den IRB huet sech zum Zil gesat, Rugby an Nordamerika mei populär ze machen an organisiert dofiir den Churchill Cup und den Super Powers Cup. De Concours North America 4 soll op laanger Dauer zu enger professioneller nordamerikanischer Liga bilden. Änlech aktiv ass d'IRB am pazifesche Raum mam Pacific Rugby Cup a mam Pacific Nations Cup. Mam Nations Cup soll de Sport a Portugal an a Russland gefërdert ginn.
Olympesch Spiller
änneren- Kuckt och: Rugby Union bei den Olympesche Spiller
Bei den Olympesche Spiller stoung d'Rugby Union nëmme véiermol um Programm, fir d'lescht 1924. An den 80er Jore gouf et Versich, Rugby Union erëm zu enger olympescher Sportaart ze maachen, mä d'Ustrengunge sinn d'Baach agaangen. Den IRB ass ganz intresséiert, d'Sportaart erëm olympesch ze maachen, zumools de 7er-Rugby d'Krittären erfëllt, déi an der Olympescher Charta definéiert sinn. 7er-Rugby gëtt an iwwer 100 Länner vu Männern gespillt, an an iwwer 50 Länner vu Fraen. D'IRB hält sech un d'Reegele vun der World Anti-Doping Agency a betount, datt en olympescht Turnéier an engem eenzege Stadion a mat wéinege Käschten organiséiert ka ginn. [1]
Memberen
ännerenD'IRB deelt seng Memberen an dräi Klassen an. D'Participante vun de Six Nations (England, Frankräich, Irland, Italien, Schottland, Wales), vun den Tri Nations (Australien, Neiséiland, Südafrika) sou wéi Argentinie sinn an der Klass Nummer 1. Klass 2 ass Kanada, d'USA, Fidschi, Japan, Rumänien, Samoa und Tonga. All déi aner sinn an der Klass 3.
Afrika
änneren15 Membere vun der Confédération Africaine de Rugby (CAR) gehéieren zum IRB:
Asien
änneren13 Membere vun der Asian Rugby Football Union (ARFU) gehéieren dem IRB:
1 Arabian Gulf Rugby Football Union, gemeinsame Verband vu Bahrain, Katar, Kuwait, Oman, Saudi-Arabien an den Vereenegten Arabeschen Emirater
Europa
änneren40 Membere vun der Association Européenne de Rugby (FIRA-AER) gehéieren dem IRB:
Nordamerika und Karibik
änneren13 Membere vun der North American and West Indies Rugby Association (NAWIRA)2 gehéieren zum IRB:
2 D'North American and West Indies Rugby Association stellen en Deel vun der Pan American Rugby Association duer, zesumme mat der Confederación Sudamericana de Rugby eng gemeinsam ganzamerikanesch Féderation.
Ozeanien
änneren12 Membere vun der Federation of Oceania Rugby Union (FORU) gehéieren dem IRB:
Südamerika
änneren8 Membere vun der Confederación Sudamericana de Rugby3 (CONSUR) gehéieren zum IRB:
Kuckt och
änneren- IRB-Weltrangliste
- IRB Hall of Fame
- Rugby League International Federation - der Weltverband für Rugby League
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Rugby and the Olympic Games op der IRB-Websäit