D'Kaimaninselen (engl.: Cayman Islands) sinn eng Inselgrupp an der Karibik an en Iwwerséigebitt vum Vereenegte Kinnekräich.

Cayman Islands
Kaimaninselen

Fändel vun de Kaimaninselen

Wope vun de Kaimaninselen

Detailer

Detailer
National Devise: He hath founded it upon the seas

(engl., „En huet et um Mier gegrënnt“)

Offiziell Sprooch: Englesch
Haaptstad: George Town
Staatsform: Iwwerséigebitt vu Groussbritannien
 • Kinnigin: Elisabeth II., vertrueden durch de Gouverneur Helen Kilpatrick
 • Premierminister: McKeeva Bush
Fläch: 262 km²
Bevëlkerung: 45.436 (Quell: CIA 2006)
 • Bevëlkerungsdicht: 139,5/km²
Nationalhymn: God Save the King

Beloved Isles Cayman (inoffiziell)

Wärung: Kaiman-Dollar (KYD)
Zäitzon: UTC UTC-5
Internet TLD: .ky
Internationalen
Telefonsprefix
:
+1 (345)

Geographie änneren

D'Insele kruten hiren Numm vun de Spatzkrokodillen déi do doheem sinn an déi an der Sprooch vun de Kariben Cayman genannt ginn.

D'Inselgrupp besteet aus dräi Inselen, Grand Cayman, Little Cayman a Cayman Brac a läit ongeféier 750 km südlech vu Miami/Florida an ongeféier 300 km nordwestlech vu Jamaika. D'Insele verdeele sech op eng Fläch vun ongeféier 262 km², a Grand Cayman, mat 198 km², ass déi gréisst dovun.

D'Insele si Spëtze vu enger Biergketten, der Cayman Ridge, déi bis op Kuba geet.

Bevëlkerung änneren

Ongeféier 90 % vun de 44.270 Awunner liewen op der grousser Insel Grand Cayman. Am Laf vun de Joerhonnerten ass eng gemëscht Bevëlkerung entstanen, déi awer ganz stolz drop ass, datt et ënner deene verschiddenen Ethnie keng Reiwereie gëtt. D'Bräich sinn nach déi selwecht wéi déi vun den éischte brittesche Siidler déi am 18. Joerhonnert op d'Insel koumen.

Geschicht änneren

No der Entdeckung duerch de Kolumbus den 10. Mee 1503, wéi seng Schëffer vun der Route déi virgesi war ofkomm waren, an hien duerch Zoufall dunn d'Inselen entdeckt huet, goufe se Las Tortugas genannt. Eréischt am 17. Joerhonnert goufen d'Insele vu Jamaika aus besiidelt.

Wéi Jamaika onofhängeg gouf hunn d'Leit op der Insel decidéiert datt si wollten eng Kolonie vun England ginn, a si kruten e Gouverneur. Zanter 1962 hu si de Status vun enger brittescher Krounkolonie mat Eegeverwaltung.

Reesen änneren

Fir op d'Inselen ze komme brauchen EU-Bierger kee Visa, et ass just virgeschriwwen datt een e Pass muss hunn deen nach sechs Méint gëlteg ass.

Fluchhäfen änneren

    • Owen Roberts International Airport op der Insel Grand Cayman (IATA-Fluchhafecode: GCM)
    • Little Cayman Airport op Little Cayman (IATA-Fluchhafecode: LYB)
    • Gerrard Smith Airport op Cayman Brac (IATA-Fluchhafecode: CYB)

Ekonomie änneren

D'Kaimaninsele ginn och nach d'Schwäiz vun der Karibik genannt, well bal all Banke vun der Welt do vertruede sinn. Dëst ass haaptsächlech op déi gënschteg Steierkonditioune vun der Kolonie zeréckzeféieren. D'Haaptstad George Town ass déi fënneftgréisst Finanzplaz op der Welt.

Um Spaweck änneren

Commons: Kaimaninselen – Biller, Videoen oder Audiodateien